RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Carlo Cravat

Patrick Greis
De Carlo Cravat ass de Chef vum Hotel Cravat géigeniwwer der Gëlle Fra.
© Patrick Greis

Am 'Café des artistes' am Gronn geet et beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel ëm dem Carlo Cravat seng aussergewéinlech Kandheet am Hotel, säin Horror virun der Schoul, seng Leidenschaft fir d'Schéissen a seng Léier an Asien, wou och emol Gehier vu jonken Afen um Menü stoung. Et gëtt ee gewuer, dass hie wierklech net ka kachen, mat 25 schonn e Rolls Royce virun der Dier hat a firwat, dass den Hotel géigeniwwer der Gëlle Fra säi Stil soll behalen an hien un där 'aler Këscht' hänkt.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO