
Ufank Abrëll gouf dës nei Plattform lancéiert. Max Pletschette vun MC Communication:
"Mir hunn e Guide gemaach fir Awunner an Touristen, deen Adressen aus dem ganze Land weist, sief et fir ze schlofen, fir ze iessen oder Kultur- a Fräizäit-Aktivitéiten, sou wéi Shopping-Aktivitéiten an all Kanton. An d'Iddi ass et, d'Awunner an Touristen ze motivéieren, d'Villfalt vun eisem Land ze entdecken."
Ugefaangen huet lescht Joer alles mat enger Kollektioun vu Souvenir-Magnéiter déi d'Kommunikatiounsagence erausbruecht huet.
"Eis ass deemools opgefall, dass eist Land eng immens grouss Vilfalt huet an et kann ee vill entdecken. Trotzdeem goufen et awer nëmme vun e puer Plaze Souveniren, dat heescht, generell vun der Stad oder eeben och vun Iechternach oder Veianen. An dofir hu mir eng ganz Kollektioun entwéckelt, dat heescht ëmmer verschidde Motiver aus dem ganze Land. Sief et vum Clierfer Schlass bis iwwer d'Schengen-Monument op Käerjeng mat senger Brauerei."
Den Online-Guide geet awer nach e Schrëtt méi wäit wéi déi ursprénglech Magnéitkollektioun.
"All Kanton huet säi Charakter, souzesoen, dee mer och op eisem Guide virstellen. An duerfir ass den Aspekt Lokalgeschicht och ganz wichteg, wou een eng Kéier e bëssen Informatiounen iwwer d'Landschaftsbild an awer och iwwer d'Geschicht vum jeeweilege Kanton gewuer gëtt."
De Guide, dee vill Wäert op dee lokalen Aspekt leet, soll net nëmme fir Touristen interessant sinn, mee och fir d'Lëtzebuerger selwer:
"D'Lëtzebuerger gi gären an d'Vakanz an och ëmmer méi hei am Land. Wat mer wollte maachen, ass esou wéi, an Italien wëll ee gären eng lokal Spezialitéit schmaachen, et wëll ee gären och lokal Restaurante gesinn oder Kultur- a Fräizäitaktivitéiten, déi net ëmmer esou bekannt sinn."
D'Plattform, déi et op Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch a Portugisesch gëtt, soll iwwregens an den nächste Méint weider wuessen a mat neie Punkten ergänzt ginn.