Schnitzel, Burger, Bouletten a CoTypesch Fleeschproduite ginn et mëttlerweil och an der vegetarescher Variant

RTL Lëtzebuerg
Déi Produite gesinn ëmmer méi aus wéi d'Original a ginn och ëmmer méi beléift.
Vegetaresch Variante vun typesche Fleeschproduiten
Déi Produite gesinn ëmmer méi aus wéi d’Original a ginn och ëmmer méi beléift.

Schnitzel, Burger, Bouletten - praktesch alles wat een als typesche Fleeschproduit kennt, gëtt et mëttlerweil och an der vegetarescher Variant. Déi Produite gesinn ëmmer méi aus wéi d’Original a ginn och ëmmer méi beléift. Bis 2040 solle 450 Milliarden Euro Ëmsaz weltwäit gemaach gi mat Veggieproduiten. Parallel géif den Ëmsaz mam Fleesch an Zukunft erofgoen. Statista no soll sech de Marché mat konventionellem Fleesch bis dohinner ëm 880 Milliarden Euro reduzéieren.

De Joël Quintus ass zanter 34 Joer Metzlermeeschter. Seng Welt ass d’Fleesch, dat huet hie geléiert an iwwert Jore perfektionéiert. Een Trend ass awer och net un him laanscht gaangen. Ëmmer nees gëtt hien och no vegetareschen Alternative gefrot. Do huet hien de Projet vegan Boulettë lancéiert. Direkt an der Kichen hannen am Geschäft ginn déi frësch produzéiert. Virun allem de Goût ass eng grouss Erausfuerderung. Zesumme mat enger Gewürzfirma huet hien awer elo ee Produit entwéckelt, mat deem hie ganz zefridden ass. Als nächst wëll en och nach vegetaresch Wurschte probéieren. Säin Haaptgeschäft bleift awer d’Fleesch.

D’Nofro gëtt och zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss. E Supermarché wär d’Spigelbild vun enger Gesellschaft, seet de Marc Hoffmann vun enger grousser Lëtzebuerger Supermarchéschaîne an d’Offer wär parallel mat der Nofro an d’Luucht gaangen. Trotzdeem hätt ee kee Réckgang beim Verkaf vum Fleesch gespiert. De Wonsch vum Consommateur géif beim Fleesch, wéi bei alle Wueren, a Richtung regional a qualitativ héichwäerteg Produite goen.

Et wären awer net just Vegetarier a Veganer, déi dës Produite kafen, mee virun allem Flexitarier. Déi sougenannte Flexitarier si Leit, déi zwar Fleesch a Fësch iessen, awer just ganz seelen. An dann och héichwäerteg Produiten. Vill Leit, déi net all Dag Fleesch iesse wëllen, gräife gären op esou Ersatzproduiten zréck. Enger däitscher Etüd vu Statista no hunn 41 Prozent vun de Leit schonn eng Kéier esou Fleeschalternative probéiert a géifen deenen op d’mannst oppen entgéint stoen.

De Virdeel ass, dass den Opbau vum Gericht dat selwecht bleift. Och a Saache Proteinne schloe sech déi vegetaresch Alternativen dacks guer net esou schlecht par Rapport zum déieresche Produit. Trotzdeem sollt ee bei deem Fäerdegprodukt och hannen op d’Etikett kucken. Do ginn et nämlech grouss Ënnerscheeder. Et sollt ee kucken, ob iwwerhaapt genuch Proteinnen dra sinn, fir d’Fleesch vollwäerteg um Teller ze ersetzen. Da sollt een och d’Fett an d’Salz am Aen behalen an op Allergenen oppassen. Allgemeng gëllt, wat d’Lëscht mat den Ingrediente méi kuerz, wat de Produit méi natierlech, wat et warscheinlech méi gesond ass. Allgemeng kann dat awer eng gutt Alternativ sinn. 1-2 Mol d’Woch gi si souguer recommandéiert an zanter 2020 sinn d’Fleeschalternative souguer op der Ernärungspyramid integréiert.

Back to Top
CIM LOGO