
Dat si leider alles Flecken, déi een net sou séier nees lass gëtt, wéi se dohinner komm sinn. Et sief dann, et weess een, wéi een drun eru geet.
Frësch Fettflecke soll een am Beschte mat kalem Waasser a Spullmëttel oder Seef direkt auswäschen. Wa se bis gedréchent sinn, kënne se mat Läschpabeier an engem Streckeise besäitegt ginn. D’Hëtzt léist d’Fett aus de Faseren an de Läschpabeier saugt et op. Alternativ kann een och sougenannten “Terre de Sommières” benotzen, dat klappt super gutt.
Wuess vu Käerzen op der Napp oder Gezei kritt een am Beschten ewech, wann een entweder mat Äis-Stécker de Fleck killt oder de Stoft carrement an d’Tiefkühltruh leet. Wann alles gutt haart ass, bréckelt de gréissten Deel scho mol of. An dat wat nach bleift, kann een dann och mat Läschpabeier a Streckeise fort kréien.
Bei Wäiflecken hëlleft leider weder Hëtzt nach Läschpabeier. Do kann een, wa se op Kotteng sinn, mat ganz vill Mineralwaasser dru goen a wann dat net duer geet, da kann een och nach Zitrounejus oder transparent Fënster Botzmëttel benotzen. Ass de Fleck well gedréchent, éier een e gesäit, da soll een den Tissu mat Wäschpolver, flësseger See oder Spullmëttel an 2 Liter kaalt Waasser.
A wann et mol méi hëtzeg zougeet an de Schweess seng Spueren op de Kleeder hannerléisst an dës net an der Wäschmaschinn verschwannen, sollt een et mol mat Esseg probéieren. Dëse soll géint Verfierwungen an och géint de Geroch hëllefen. Einfach e puer Stonnen an eng Mëschung vu Waasser an Esseg-Essenz leeën an dono normal wäschen. Dat selwecht klappt iwwregens och fir Deo-Flecken.
Mat dëse puer einfachen Tricker mussen d’Feierdeeg also keng definitiv Spueren hannerloossen, op d’mannst mol, wat d’Flecken uginn.