Held op véier PattenFrieme Mupp hëlleft US-Polizisten, fir e vermësst Kand ze fannen

RTL Lëtzebuerg
Duerch d'Hëllef vun engem Hond, deen de Poliziste bei hirer Enquête entgéintgelaf ass, konnt en dräi Joer aalt Kand erëmfonnt ginn.
Frieme Mupp hëlleft Polizisten, fir e vermëssten Kand ze fannen
Duerch d’Hëllef vun engem Hond, deen de Poliziste bei hirer Enquête entgéintgelaf ass, konnt en dräi Joer aalt Kand erëmfonnt ginn.

Zu Louisville am US-Bundesstaat Kentucky gouf e Stroossemupp fir vill Leit zu engem Held. Him ass et nämlech gelongen, fir d’Polizisten op sech opmierksam ze maachen an hinnen de Wee bei e vermësste Jong vun dräi Joer ze weisen. Dat ganzt gouf vun der Body Cam opgezeechent.

Am Video gesäit een, wéi d’Polizisten op der Sich nom Jong sinn an dunn einfach esou vun engem Hond ugelaf an ugebillt ginn. De Beamte war séier kloer, datt de Mupp hinnen eppes weise wéilt. An den Opname vun der Body Cam héiert een de Polizist Josh Thompson mam him onbekannte Mupp schwätzen, kuerz nodeem d’Polizisten un enger Dier geschellt hunn:

Géi! Fann hien”, seet de Polizist zu sengem onerwaarte Partner. “Wou ass hien”, kënnt direkt dono. Den Hond féiert d’Beamten hannert d’Haus, wou si d’Kand um Bäifuerersëtz vun engem Auto konnte lokaliséieren.

Et war eng gutt Aarbecht vun eise Polizisten an hirem neie véierbeenege Frënd, deen eis drun erënnert, datt Helden an all Form kënne kommen”, ass an engem Post vun der LMPD ze liesen.

Back to Top
CIM LOGO