D’Déierepensioun HoKa steet net just fir Hond a Kaz, ma och fir Inclusioun. Zesumme mat Mënsche mat intellektuellem Handicap stinn hei d'Déieren am Fokus.

Matten an der Natur an no vum Bësch kënnen Honds- a Kazebesëtzer hir Liblinge stonneweis, fir een Dag oder fir e méi laangen Openthalt ofginn. Nieft den 20 Hënn a 60 Kazen, déi d’Déierepensioun HoKa ophuele kann, kënnen eng 13 Muppen och stonneweis opgeholl ginn. D’Crèche ass awer e Projet, deen ugangs net geplangt war, ma aus der Pandemie gebuer ass.

Am Januar 2021, matten an der Corona-Pandemie, huet d’HoKa hir Dieren opgemaach. No der Ouverture hätt een zwar vill Leit sech iwwert d’Déierepensioun informéiert, wéi d’Responsabel Carine Schreiber erkläert. Ma et wieren awer net vill Demanden erakomm. Mat de Lockerunge vun de Restriktioune koumen dunn awer bemol Demanden, ob een säin Déier net kéint fir e puer Stonnen ofginn, well d’Leit zum Beispill nees fir een Dag op de Büro gaange sinn, erzielt d’Carine Schreiber. Esou ass d’Iddi vun enger Zort "Crèche" entstanen. Ugangs waren 3 Plaze fir "Dagesmuppes" virgesinn, ma antëscht kënne bis zu 13 Hënn, fir entweder en hallwen Dag oder e ganzen Dag an d’Pensioun bruecht ginn. Kaze ginn net an d’Crèche. Si brauche vun Natur aus manner Auslaf a brauche meeschtens just eng Persoun, déi no hinne kucke geet a si fiddert.

Nieft der Erfarung mat den Déieren hunn d’Mataarbechter vill bäigeléiert an hir Aarbechtsprozesser esou ugepasst, datt d’Aarbechter mat kognitiver Beanträchtegung esou eegestänneg ewéi méiglech schaffe kënnen. D’Aarbechtsofleef, de Schaffplang an d’Beschreiwunge vun den eenzelen Tâchë sinn a Form vu Piktogrammer duergestallt. Wann ee bei der HoKa ufänkt, gëtt an enger éischter Phas getest, wou d’Aarbechter stinn a wat se kënnen, fir dann d’Aarbechten an d’Ënnerstëtzungen op déi eenzel Persounen unzepassen. Dat pedagogescht Personal, grad ewéi d’Déierefleeger bezéie si dann an d’Aarbechte mat an, sief dat d’Boxe botzen, d’Déiere fidderen, sech mat hinne beschäftegen oder spadséiere goen. D’HoKa setzt dobäi op "learning by doing", esou hëllefe si och bei de Visitte vun de Clienten.

Ganz wichteg sinn awer och Kommunikatioun an Interaktioun. Esou huet sech eng Zort „Traditioun“, déi et scho fréier bei de Servicer vun der APEMH gouf, och bei der HoKa néiergelooss. All Moie mécht dat ganzt Personal zesumme Kaffispaus. Hei gëtt sech mateneen iwwert d’Aarbecht, awer och d’Privatliewen ausgetosch. Zwar ass eng „liicht Sprooch“, also kuerz Sätz, wichteg, ma d’Kommunikatioun ass immens wichteg fir d’Integratioun. Wichtegst Zil fir Personal ass et, déi Betraffen an hire Capacitéiten ze fërderen an hinnen d’Gefill ze ginn, wäertvoll ze sinn.

Vill vun de Mataarbechter, déi iwwert d’APEMH kommen, brénge schonn Erfarung mat Déieren aus dem Beetebuerger Park oder dem Bauerenhaff zu Betteng op de Mess oder vun doheem mat. Esou och den Andy, hien huet virdrun zu Beetebuerg geschafft an hat selwer Kazen doheem. Wann den Andy moies ufänkt, ass seng éischt Missioun, d’Ziele vun de Kazen an den eenzele Raim. Dofir ass all Raum mat engem Piktogramm mat enger Nummer an engem Wierfel drop nummeréiert. Nieft den Dieren hänken dann d’Lëschte mat den Nimm a Fotoe vun de Kazen, déi an deem Raum ënnerbruecht sinn. Och wann d’Kazen eigentlech keng Méiglechkeet hunn, fortzelafen, ass et wichteg si all Moien ze zielen. Geet et Kazen net gutt, verstoppe si sech nämlech gären, wéi den Andy erkläert.

RTL

Sinn d’Kazen all do, geet et un d’Botze vun de Raim. Wéi Déierebesëtzer wëssen, maachen hir Liblinge vill Knascht. A bei 15 Kazen an engem Raum kënnt däers emol vill beieneen. Dono geet et da fir den Andy a seng Ekipp un d’Fidderen. Och hei gëtt mat Piktogrammer geschafft. An der gutt organiséierter Kiche sti Classeuren, an deenen d’Mataarbechter d’Informatiounen zu den eenzele Raim fannen, an esou wëssen, wéi vill Schossele si pro Raum fëlle mussen. D’Kaze kréien hiert Fudder an de Raum gestallt a ginn zesumme gefiddert, dowéinst kréien d’Kazen all dat selwecht Fudder. Aus deem Grond huet ee bei der HoKa d’Decisioun geholl, keng Kaze mat Allergien opzehuelen, well de Risk, datt eppes geschitt, einfach ze grouss ass, erkläert eis d’Carine Schreiber. Mëttes kënnt dann dem Andy seng Liblingsbeschäftegung drun – mat de Kaze spillen a schmusen.

RTL

Den Andy schafft am léifste bei de Kazen.

Hondsbesëtzer dierfen hiren Déiere Fudder, Spillsaachen oder Schlofdecke matginn. Och hei sinn d’Boxen an d’Fudder mat Piktogrammer gekennzeechent, fir datt dat richtegt Fudder och beim richtege Mupp ukënnt. Well d’Muppen, déi an d’Crèche ginn, méi dacks de Raum wiesselen, gëtt bei hinne mat Fotoe geschafft.

RTL

Bei den Hënn sinn d’Ofleef net grad esou gereegelt, wéi de Kazen, dofir stinn hei op de Lëschten nach zousätzlech Informatiounen drop. D’Julie erkläert, datt verschidde Muppen zum Beispill nëmmen ee Mol den Dag gefiddert ginn, anerer 2-3 Mol. Och wéi dacks en Hond spadséiere geet, variéiert vun Déier zu Déier. Alles dat muss festgehale ginn, fir datt jidderee weess, wat ze maachen ass. Beim Spadséieren oder op d’Wiss loossen, sinn et meeschtens zwee Muppe beieneen. Dofir gëtt an enger Ugangsphas getest, ob d’Hënn och matenee kënnen. Dofir ginn zwee Mataarbechter zesumme mat engem Betreier mat zwou Léngten an enger duebeler Sécherung spadséieren. Lëschtenhënn kënne leider net spadséiere goen, well dofir eng speziell Autorisatioun gefuerdert ass. Fir d’Gesondheet an d’Wuel vun den Déieren z’iwwerwaachen, ginn d’Déieren och reegelméisseg gewien. Déi éischt Kéier, war se bruecht ginn a spéitstens eng zweet Kéier, wa se rëm ofgeholl ginn. Hënn, déi iwwer e méi laangen Zäitraum an der HoKa bleiwen, gi reegelméisseg Méindes an Donneschdeg gewien. Ma do ass et awer net ëmmer ganz evident, datt de Mupp och wierklech stall hält. Qualifizéiert Déierefleeger wéi de Raf kenne sech awer aus an hunn hir Tricken, fir datt den Hond follegt.

Bei der HoKa ass d'Wuel vum Déiere genee sou wichteg wéi dat vum Mënsch. Mat all Déier a Mataarbechter léiere si bäi.

D'Viraussetzunge fir d'Opnam vun engem Déier fannt Dir um Site vun der APEMH.