No op d'mannst zwee Joer ouni Gesellschaft gouf d'Fiona, och als "dat einsamste Schof a Groussbritannien" bekannt, aus senger mësslecher Situatioun gerett.

D'Schof ass viru ronn zwee Joer eleng um Fouss vun de Fielse vum Cromarty Firth a Schottland gesi ginn, wou et déi géi Pente net méi eleng eropkoum.

Eng Déiereschutzorganisatioun hat d'Rettung vum Schof als "extrem komplex" ageschat. Ma fënnef Baueren hate Matleed mam Déier an hu sech net vun der Aufgab aschüchtere gelooss.

D'Rettungsaktioun war vum Cammy Wilson organiséiert ginn, nodeems hien an de Medie vum Fiona senger Geschicht héieren huet. "Mir sinn heihinner komm mat schwéierem Equipement a mir hunn d'Schof eng onheemlech géi Pente eropkrut", huet hien d'Rettungsaktioun an engem Video op Facebook beschriwwen.

D'Fiona wier - ofgesi vun der vill ze laanger Woll - an engem gudden Zoustand. Och u Fudder schéngt et dem Déier net gefeelt ze hunn. Et ass souguer e bëssen iwwergewiichteg.

Eng Kayakerin hat d'Schof viru ronn zwee Joer op engem Ausflug laanscht d'Küst eng éischte Kéier vum Waasser aus gesinn. Eréischt wou si déi nämmlecht Route viru kuerzem nach emol gepaddelt ass, ass hir kloer ginn, datt dat nämmlecht Déier nach ëmmer ganz eleng do wier. Béid kéieren hätt d'Schof probéiert, d'Opmierksamkeet vun de Kayak-Fuerer ze kréien.

Elo schléift d'Fiona op frëschem Stréi a waart drop, seng iwwerschësseg Woll geschwënn ewechgeschuer ze kréien.