Treie Mupp iwwerlieft 10 Wochen un der Säit vu verstuerwenem Meeschter
Trotz der Gefor vu Biergléiwen, Kojoten a Bieren huet dat 14 Joer aalt Finney iwwer zwee Méint un der Säit vu sengem doudege Meeschter iwwerlieft.
Iwwer 10 Woche laang goufen e Wanderer a säi Mupp an de Bierger vum US-Bundesstaat Colorado vermësst.
Den 71 Joer ale Mann a säi Mupp Finney waren den 19. August opgebrach, fir an de Bierger an der Géigend vun der Stad Pagosa Springs wanderen ze goen. Nodeems si net méi zréckkoumen, goufen insgesamt 2.000 Stonnen an der schwéier zougänglecher Regioun no hinne gesicht. Den 30. Oktober dunn huet e Jeeër d'Läich vum Mann entdeckt - u senger Säit nach ëmmer de wäissen Jack-Russell-Terrier. Méi wéi 2 Méint huet den Hond iwwerlieft, obwuel en d'Hallschent vu sengem Gewiicht verluer huet.
No de Biergungsaarbechten den 31. Oktober koum dat 14 Joer aalt Finney fir d'Behandlung bei e Veterinär an ass antëscht zréck bei der Famill vum Meeschter. Déi "groussaarteg Iwwerliewensgeschicht" vum Véierbeener wier e Beweis fir d'Léift an d'Loyalitéit vum Finney géigeniwwer hirem Besëtzer, sot d'Delinda Vanne-Brightyn, déi sech mat hirer Rettungsekipp der Sich ugeschloss hat.
Déi stierflech Iwwerreschter vum Mann goufe ronn 2,5 Kilometer vu sengem Auto ewech fonnt. Den erfuerene Wanderer wier un Ënnerkillung gestuerwen, heescht et vum Geriichtsmedezinner géigeniwwer der "Washington Post". Ënnerkillung kann zu Desorientatioun féieren.
Wéi d'Finney iwwerlieft huet, ass net genee gewosst. Ma et gëtt vermutt, datt d'Pelznues wuel kleng Déiere wéi Mais gejot an et gläichzäiteg gepackt huet, Raubdéiere wéi Biergléiwen, Kojoten a Bieren aus dem Wee ze goen. "Wann dësen Hond schwätze kéint, wier dat eng erstaunlech Geschicht", sot d'Vanne-Brightyn weider.