Wann e Wollef zum Beispill en Trapp Schof attackéiert, kann d'Déier an Zukunft méi séier ofgeschoss gi wéi bis ewell.

Déi däitsch Ëmweltminister vum Bond an de Länner hu sech dorop gëeenegt, datt e Wollef ofgeschoss dierf ginn, wann e Schutzzénk iwwerwonnen an Notzdéiere gerass huet.

Bis ewell huet virum Ofschoss fir d'éischt en DNA-Test misste gemaach ginn. Dëse soll deemno an Zukunft ewech falen.

Déi däitsch Ëmweltministesch sot, datt dat och en Zeeche vun der Versönung wier, fir de gesellschaftleche Konflikt ze berouegen. Proprietäre vun Notzdéieren a Baueren haten d'Virschrëfte kritiséiert. Virun allem verschidde Bundeslänner, déi besonnesch staark betraff sinn, wëllen et scho bis d'Fréijoer erméiglechen, de Wollef méi séier dierfen ofzeschéissen. Dorënner Schleswig-Holstein, Sachsen, Sachsen-Anhalt, Brandenburg, Mecklenburg-Vorpommern an Niedersachsen.