An enger parlamentarescher Fro wollt d'ADR méi Detailer iwwer d'Hale vun Déieren, déi net op enger positiver Lëscht stinn, wëssen.

De Känguru Sammy hat am Juni nawell vu sech schwätze gedoen, nodeems hien zu Konsdref fortgelaf war. Vill Froe goufe sech gestallt, wéi et méiglech ass, esou en Déier iwwerhaapt doheem ze halen. Wat d'Konditiounen dofir sinn, wollt d'ADR an enger parlamentarescher Fro un d'Landwirtschaftsministesch wëssen.

Parlamentaresch Fro iwwert Hale vun Déieren / Reportage Claudia Kollwelter

Déieren, déi net op enger positiver Lëscht stinn, dierfe bei Leit doheem gehale ginn, wa se kënnen aartgerecht gehale ginn, erkläert d'Martine Hansen an hirer Äntwert. Dobäi géifen och Publikatiounen iwwert d'Richtlinnen, wéi Déiere gehale musse ginn, aus anere Länner consideréiert ginn.

D'Proprietärin vum Wallaby-Känguru hat allerdéngs keng Autorisatioun, fir d'Déier ze halen. Déi néideg Demarchë sollten nodréiglech gemaach ginn, ma de Sammy war awer entretemps gestuerwen.

D'Alexandra Schoos freet an deem Kontext, wéi et méiglech ass, datt d'Déier bei der Proprietärin gelooss ginn ass, ouni datt eendeiteg gekläert war, ob d'Konditioune vun enger aartgerechter Haltung och garantéiert wieren. D'Landwirtschaftsministesch präziséiert awer, datt d'Bedéngungen an der Rei gewiescht wieren an een dem Déier weidere Stress erspuere wollt. Ob déi betraffe Proprietärin mat enger Verurteelung a méiglecher Geldstrof rechne muss, wier net an der Kompetenz vun der ALVA, also der Veterinärs- an Alimentaire-Administratioun, mee vun der Justiz.

D'Ministesch präziséiert donieft nach, datt d'Haltung vun Déieren, déi net op der positiver Lëscht stinn, vu Fall zu Fall analyséiert ginn a vum jeeweilegen Déier an der Situatioun ofhänkt. D'Autorisatioun kéint opgrond vum Déiereschutz, der ëffentlecher Gesondheet der Aarterhaltung an dem Naturschutz refuséiert ginn.