Bei engem Feier an engem Stall zu Heinersreuth sinn eng 15 Päerd ëm d'Liewe komm. Ronn 30 weiderer konnte gerett ginn.

Wéi d'Police vu Bayreuth en Dënschdeg matdeelt, wier d'Feier en Dënschdegmoien an engem Stall zu Heinersreuth ausgebrach. Wéi d'Rettungsdéngschter op der Plaz ukoumen, wieren d'Flame schonn aus dem Daach erauskomm. Zum Zäitpunkt vum Brand waren eng 45 Päerd am Stall.

Ronn 30 vun hinne konnte vun Awunner a Rettungsekippe rechtzäiteg gerett ginn. De Rescht ass warscheinlech an de Flamen ëm d'Liewe komm. D'Déieren, déi gerett goufen, hätte gréisstendeels nees konnten agefaange ginn. Ob nach weider Päerd am Bësch niewendru wieren, ass nach onkloer.

De Stall ass komplett ofgebrannt. Aktuell gëtt et d'Gefor, datt en an de Koup fale kéint.

D'Pompjeeë konnten allerdéngs verhënneren, datt d'Flamen op aner Gebaier iwwersprange konnten. De Schued gëtt vun der Police op e puer honnertdausend Euro geschat. Wéi et zum Brand koum, muss nach ermëttelt ginn. Eng 250 Secouriste waren op der Plaz.