D'Hormon Dopamin ass schold drun, datt d'Krunneméck wärend der Paarungszäit d'Geforen aus den Ae verléiert.

Dat weist eng wëssenschaftlech Etüd vun der Universitéit Birmingham an der Fräier Universitéit Berlin. D'Etüd gouf am Fachmagazin "Nature" publizéiert. Esou géife männlech Krunnemécken Gefore wéi Friessfeinden oder Mënschen ignoréieren, wa si an der Paarungszäit sinn.

Wat d'Déier méi wäit an de Phase vun der Paarungszäit ass, wat méi Dopamin ausgeschott gëtt a wat d'Gefill fir d'Gefore méi ënnerdréckt ginn. Well an der fréier Phas kënnen d'Krunneméck dëst nach ënnerdrécken, wa Friessfeinde an der Géigend sinn. Wat de Paarungsakt awer méi no kënnt, wat déi männlech Mécken d'Menace méi ignoréieren.

D'Fuerscherinnen, déi un dëser Etüd geschafft hunn, ginn dovunner aus, datt dëst Verhale bei aneren Déieren a eventuell och bei Mënschen ganz änlech optriede kann, datt also d'Entschedungsmechanismen a verschiddene Situatioune méi ënnerdréckt kënne ginn. Dopamin kéint der Laurie Cazalé-Debat vun der Universitéit Birmingham an der Lisa Scheunemann vun der FU Berlin no als sensoresche Filter déngen, fir sech op déi Ziler, déi sech grad opdrängen, ze fokusséieren.