De "Larry" steet virun enger Erausfuerderung a senger Positioun als "Chef-Miez" vun der brittescher Regierung, eng léif "russesch" Kaz.

Den neie Premier Keir Starmer a seng Famill, déi an d'Nummer 10 an der Downing Street geplënnert sinn am Juli, hunn hir Familljekaz "Jojo" matbruecht.

Elo no "Verhandlunge" mat de Starmer-Kanner - déi en däitsche Schéiferhond wollten - gouf ofgestëmmt, datt de Larry och "eng sibiresch Kaz" kritt, fir ze spillen. Ma de Larry war déi lescht 13 Joer souzesoen d'"Topp-Kaz" an der Residenz vum Premier am Zentrum vu London.

De 17 Joer ale Larry gouf 2011 adoptéiert, fir d'Downing-Street-Mais an der Gitt ze halen, obwuel den deemolege Premier David Cameron zouginn huet, datt seng Leeschtung eppes ze wënsche géing iwwereg loossen.Trotzdeem ass de Larry e Mediestar ginn - besonnesch populär bei Journalisten - an huet souguer säin eegene Social-Media-Kont: @Number10cat.

De Keir Starmer - dem Larry säi 6. Premier - huet och erzielt, datt d'Rivalitéit vu Kazen net dat eenzegt Thema ass punkto Hausdéieren an der Downing Street.

"De Problem, dee mir hunn, ass, datt all Dieren an eisem neien Appartement bommefest musse sinn." Duerfir wier et e bësse schwéier, eng "Kazeklapp" ze installéieren.