4 Hënn am Portrait

Den Hond als dem Mënsch säi beschte Frënd - dat geet bei munchen nach doriwwer eraus, déi sinn net just privat, ma och berufflech Partner.
An eiser Summer-Serie Ausgebil(l)t hu mir ënnerschiddlech Profiller vun Hond a Meeschter kenne geléiert, déi wuertwiertlech zesumme schaffen. Vun Häerdeschutz bis an d'Schoul oder an d'Altersheem - mir begleeden d'Schaffmuppe bei hirer Aarbecht, fir déi si speziell ausgebilt goufen a wou si hir beandrockend Fäegkeeten ënner Beweis stellen.
Wann hie kënnt, ass jiddereen frou: De Besuchshond Boy

Zanter 2 Joer ass de Boy ee benevolle Mataarbechter am Altersheem zu Boufer. Zesumme mat senger Meeschtesch, der Nelly Baden, kënnt hien ee Mol d’Woch fir eng Stonn laanscht. Iwwert dëse frëndleche Besuch freeë sech d’Awunner am Altersheem all Woch.
"A wann ech aus iergendenger Ursaach eng Zäit net ka kommen. An ech komme rëm, da kritt een direkt gesot, 'De Boy war awer elo scho laang net méi hei!'. Dat heescht, si vermëssen hien och wierklech", erzielt d’Nelly Baden. Si huet virun zwee Joer d’Ausbildung mam Boy bei Dogs4Success gemaach.
Hie mécht och e ganze Koup Tricken. Esou kann hien zum Beispill op Kommando un der Bingoscheif dréinen oder ee Wierfel schéissen. Heiansdo ass hien awer och einfach just do fir d’Leit. Si kënnen him Leckerlie ginn an hire Moment mam frëndleche Boy genéissen. D’Thema Mupp verbënnt an esou kommen och schéi Gespréicher zustanen. De Boy erënnert d’Leit dacks och un Hënn, déi si aus hirer Vergaangenheet kennen.
Frënd a Bodyguard an engem: Den Häerdeschutzhond Arthus

Den Arthus, ee Pastore da Maremmano Abruzzese, ass de Mupp vum Tom Funck, engem Schofsziichter am Süde vum Land. Den Arthus ass awer keen Hiertenhond, deen d'Schof zesummen dreift, mee een Häerdeschutzhond. Mam Arthus hunn d'Schof en impressionante Beschützer un hirer Säit, gutt 70 cm ginn des Hënn héich a bis zu 45 kg schwéier. Si liewe 24 Stonne mat hinnen zesummen, ob der Wiss oder am Stall, fir d'Schof ass den Arthus Frënd a Bodyguard an engem.
An senger Heemecht Italien gëtt de Pastore da Maremmano Abruzzese agesat, fir d’Häerde géint de Wollef ze schützen. Vu klengem u wuesse si dofir mat de Schof op a schützen dës kompromësslos. Hei zu Lëtzebuerg virop och géint fräilafend Muppen, déi och scho Schof vum Tom Funck gerass oder schwéier blesséiert hunn. Et ass eng Rass, déi iwwer Generatioune gezillt gouf, jidderzäit autonom Decisiounen ze treffen an och dann och anzegräifen, wann de Meeschter net do ass. Tëscht Mënsch an Hond besteet hei eng Allianz, fir d’Schof ze protegéieren - sech ënnerzeuerdnen ass net seng Stäerkt. D’Relatioun zum Mënsch berout op géigesäitegem Respekt a Vertrauen, dat ass déi eenzegaarteg Partnerschaft, déi esou schonn zënter Joerhonnerte besteet a weidergefouert gëtt. De Pastore da Maremmano Abruzzese ass och en absolutte Schaffhond a sollt net liichtfankeg ugeschaaft ginn, wann e spéider net adequat ausgelaascht ka ginn.
Am Numm vun der Gesondheet: Den Assistenzhond Miss

Et ass een eenzegaartege Projet zu Lëtzebuerg: Een Assistenzhond an der Klinik. D’Miss ass zanter knapp 5 Joer beim Tessy Ruppert. D’Infirmière hat ee Konzept geschriwwen an een Assistenzhond ugefrot. Ugangs fir an engem Altersheem ze schaffen, elo fir am CHDN zu Wolz an eemol d’Woch op der Palliativstatioun zu Ettelbréck. D’Miss ass duerch d’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn (ASA Asbl) finanzéiert an duerch Handi’chiens ausgebilt ginn. Seng Aufgab ass et, d’Kinéen an d’Ergotherapeuten an hiren Therapien ze ënnerstëtzen an der Geriatrie a bei der Reeducatioun.
"D’Übunge falen de Leit méi einfach, well si net driwwer nodenke, firwat, dass si hei sinn, wéi eng Krankheet, dass si hunn. A fir d’Miss maache si et dann awer nach eng Kéier", erkläert d’Tessy Ruppert den Effekt, deen d’Labradormudder op d’Leit huet.
Eng Erfarung, déi och d’Ergotherapeutin Sylvie Greischer an der Zesummenaarbecht mam Miss gemaach huet: "Déi Interaktioun mam Hond kënnt ganz natierlech a souguer déi Leit, déi dann ebe méi schwaach sinn a wou ee mengt 'Hm, wéi leeën ech mech do elo un?', liichten op eemol op, strecke sech dem Hond entgéint an da weess een, dass een op der gewonnener Säit ass."
Rechne léiere mam Therapieassistenzhond Yara-Lena

Mam Yara-Lena maache souguer franséisch Conjugaisounen a Rechenaufgabe Spaass. D’Yara-Lena ass eng 10 Joer Golden-Retriever-Madamm a begleet seng Meeschtesch, d’Claudia Rosa, ee Mol d’Woch fir zwou Stonnen an d’Primärschoul "Scheierhaff" zu Zolwer. 20 bis 40 Minutte gëtt d’Yara-Lena aktiv an de Kuer mat agebonnen an hëlt u verschiddenen Exercicer deel. De Rescht vun der Zäit geet et sech Kuschelunitéite sichen oder schléift.
"Ee Kand, dat gestresst ass, kënnt oft zur Rou, wa si traureg sinn, dat deet hinnen zimmlech gutt, well eis Hënn spieren dat jo. A si ginn och bewosst dohinner, dat Kand ënnerstëtzen", erkläert d’Claudia Rosa d’Virdeeler, wa si een Hond mat an de Klasseraum bréngt. Als Enseignante géif si esou nach besser matkréien, wat mat de Schüler lass wär.
Hannert dësem Job steet awer eng zwee Joer laang Ausbildung zum Therapieassistenzhond. Nieft dem Yara-Lena hëlt d’Claudia Rosa nach zwee aner ausgebilte Muppe mat an d’Schoul. Deemno wiessele sech déi dräi Muppen of a gi jeeweils zwou Stonnen d’Woch mat an d’Schoul.