Och Simbabwe wëll 200 Elefanten ëmbréngen

© Envato Moniquewray
Grad ewéi schonn Namibia huet och Simbabwe annoncéiert, wéinst der extreemer Dréchent Elefanten ëmzebréngen. D'Land hätt der "méi wéi et brauch".
Grad ewéi Namibia huet och Simbabwe mat enger schwéierer Dréchent ze kämpfen. Wéinst dem Manktem u Liewensmëttel, deen doduerch entstanen ass, huet Simbabwe decidéiert, 200 Elefanten ëmbréngen ze loossen. Gläichzäiteg wier et eng Mesure géint déi staark Hausse an der Elefantepopulatioun, wéi déi zoustänneg Autoritéit e Freideg matgedeelt huet.
D'Land hätt "méi Elefante wéi et brauch", huet et e Mëttwoch vum Ëmweltministère geheescht. Dowéinst hätt d'Regierung d'Wëldpark-Autoritéit ZimParks ugestallt, domat unzefänken, d'Déieren ëmzebréngen.
Déi 200 Elefante sollen a Gebidder gejot ginn, an deenen et zu Begéinunge mat Mënsche koum, dorënner Hwange, wou dat gréisst Naturschutzgebitt vum Land ass, wéi de Generaldirekter vun ZimParks der Noriichtenagence AFP géigeniwwer erkläert huet.
Am Simbabwe lieft mat schätzungsweis 100.000 Elefanten déi zweetgréisst Elefantepopulatioun no Botswana. Eleng zu Hwange liewe 65.000 Déieren - ZimParks no véier Mol méi, wéi d'Gebitt faasse kann. Déi lescht Kéier goufen 1988 a Simbabwe Elefanten ëmbruecht.
Eréischt viru knapp 2 Wochen hat Namibia annoncéiert, 700 wëll Déiere wéinst der Dréchent ëmzebréngen. Dorënner awer net just Elefanten, mä och Flosspäerd, Büffel an Zebraen. Mat Hëllef vun där Mesure solle Waasserreserven entlaascht a Fleesch fir Dausende Mënsche garantéiert ginn, déi wéinst der Dréchent Honger leiden.