An England gouf eng Zuchfaart ofgebrach, nodeems zwee Kaweechelcher fir Chaos gesuergt a Passagéier ugegraff hunn. Och Nëss hunn d'Déieren net ofgehalen.

An engem Zuch vu Reading op de Fluchhafe Gatwick bei London haten déi zwee Kaweechelcher fir vill Duerchernee gesuergt a Passagéier attackéiert, wéi et a brittesche Medien heescht. "Et war komplette Chaos", huet d'Zeitung "Sun" en Aenzeien zitéiert. "D'Kaweechelcher sinn an den hënneschte Waggon agedrongen an hu Leit attackéiert." D'Passagéier wieren doropshin an en anere Waggon geflücht. "De Schaffner huet d'Diere missen zouspären, fir ze verhënneren, datt d'Kaweechelcher duerch den Zuch kloteren."

Déi aggressiv Nagedéieren, déi schwaarz gefuer sinn, wéi et vun der Entreprise Great Western Railway (GWR) heescht, wieren am Duerf Gomshall erageklommen. Op der Gare zu Redhill hätt d'Personal eng gutt hallef Stonn probéiert, déi frech Déiercher mat Biesemen an Nëss dozou ze beweegen, aus dem Zuch ze klammen - dat allerdéngs ouni Succès. Doropshin hätt GWR decidéiert, d'Faart ofzebriechen an den Zuch a Richtung Reading zeréckzeschécken.

GWR schléisst iwwerdeem net aus, datt verschidde Passagéier duerch den Tëschefall hire Fliger verpasst kéinten hunn. Wéi et heescht, géingen ëmmer erëm Problemer duerch Déieren op brittesche Schinnen ausgeléist ginn. D'lescht Joer hate Schwanen e puer Deeg hannerteneen zu London den Zuchverkéier gestéiert.