E besonnesche Projet soll Leit mat Demenz hëllefen
E spezielle Projet soll Leit mat Alzheimer hëllefen. Eng zentral Roll dobäi spille Päerd.
An der Maison de Séjour et de Soins "Beim Goldknapp" zu Ierpeldeng gëtt et Méindes vill Freed, well do ginn e puer Bewunner an e Stall, fir Päerd ze besichen. Dës Päerd gi vum Claudine Speicher bereetgestallt, fir dass d’Leit sech kënne mat den Déiere beschäftegen, andeems si se heemelen, kämmen, an och léif mat hinne schwätzen.
Fir d’Bewunner aus dem Heem ass dat mat ganz grousse Virdeeler verbonnen: Esou kënne si hir Sprooch an hiert Gediechtnes trainéieren, an och hir Feinmotorik a Feigefill verbesseren. Dobäi kënnt, dass si mat Leit baussent dem Heem Kontakt hunn. Doduerch gi si méi an d'Gesellschaft integréiert an nees en aktive Member vun enger Gemeinschaft.
Eng Initiativ vum Claudine Speicher
Dëse Projet gouf vum Claudine Speicher an d’Liewe geruff, déi mam Rotary Club an der ALA (Associatioun Luxembourg Alzheimer) de Projet op d’Bee gestallt huet. Dofir stellt d’Claudine Speicher gären hir eege Päerd zur Verfügung.
Si huet nämlech vill Päerd, déi vill Schlechtes erlieft hunn. Ënner anerem goufe se virum Schluechthaus respektiv aus enger Zuucht gerett. Beim Claudine Speicher hunn d’Déieren awer e glécklecht zweet Doheem fonnt a maachen all Exercice roueg a gedëlleg mat.
D’Claudine Speicher erzielt, dass hir Roll och dora läit,Aktivitéiten ze preparéieren, déi esouwuel Mënsch a Päerd gerecht ginn, ewéi och dem Wieder entspriechen. De Fernand Grünig, Member vum Rotary Club, erkläert, dass d’Rotarier dobäi hëllefen, d’Leit z’encadréieren, an och opzepassen, dass alles riicht leeft. Déi bedeelegt Benevole kucken aktiv no de Leit hire Besoinen an all Bedeelegt hunn dofir gesuergt, dass esouwuel Veterinären, ewéi och Doktere sur place do sinn.
Vill verschidden Aktivitéite stinn um Programm
Nieft de Päerd léieren d’Leit mat Demenz och d’Klangschuel kennen. Déi gëtt vun hinnen op der flaacher Hand gehalen an dann ugeschloen, fir dass si d’Vibratioune spieren. Dësen Exercice kann esouwuel dem Mënsch ewéi och dem Päerd hëllefen, Equiliber mat Hëllef vu Vibratiounen an Toun ze fannen. Och kann e Stress reduzéieren an d'Konzentratioun verbesseren. Fir dass d’Leit d’Klangschuel an hirem Rhythmus kënnen erklénge loossen, kréie si keng Richtlinnen: si hunn d’Fräiheet an d’Kreativitéit, fir dat esou ze maachen, wéi si sech gutt spieren, a wéi et hinne gefält.
Heiansdo klamme se och op d’Päerd, oder spadséiere mat hinnen, esou wéi d’Bewunner vun der Maison de Soins sech dat trauen.
Et ass nëmmen e klenge Grupp vu Leit, déi an de Stall vum Claudine Späicher ginn, mee si tausche sech aus an hëllefe sech géigesäiteg. Esou schaffen d'Personal aus dem Heem, d’Benevolen an d’Leit mat Demenz zesummen, fir eng flott Zäit mateneen ze schafen. D’Kristina Hoffmann, Ergotherapeutin bei der ALA, betount, dass et wierklech drëms geet, Erënnerungen ze deelen, an nei Erënnerungen ze schafen.