Fliger muss wéinst enger Maus onerwaart tëschelanden

© JEAN-FRANCOIS NOBLET / Biosphoto / Biosphoto via AFP
Eng Maus huet dofir gesuergt, dass d'Passagéier vun engem Fluch vun Oslo op Malaga e bëssen extra Gedold hu misse matbréngen.
Net schlecht gestaunt hunn dierft eng Fra op engem Fluch vun der Airline SAS vu Malaga op Oslo. Ewéi si hir Portioun vum Iessen opgemaach huet, dat u Bord vum Flger zerwéiert gouf, ass hir op ee Mol eng Maus entgéint gesprongen. Ewéi e Spriecher vun der Fluchgesellschaft der Noriichtenagence AFP e Freideg confirméiert huet, huet d'Maschinn wéinst dësem Tëschefall en ausserplangméissegen Tëschestopp an der dänescher Haaptstad Kopenhagen aleeën. Hei wier d'Maschinn, esou wéi d'Virschrëfte vun der Airline dat virgesinn, eng Kéier duerchgecheckt ginn. Tëschefäll ewéi dëse géifen nëmme ganz seele virkommen, esou nach de Spriecher.
D'Passagéier si schliisslech vu Kopenhagen aus mat enger anerer Maschinn op Malaga geflunn.