En hollännesch Koppel ass op der Sich no hirem Chihuahua, dem Vinnie. De Mupp ass wärend enger Vakanz a Spuenien verschwonnen.

D'Karin an den Antoine, eng hollännesch Koppel hu mat hirem Camper eng Vakanz zu Beaume a Spuenien gemaach, wéi si Affer vun engem Abroch goufen. Wéi de Républicain Lorrain mellt, wier d'Koppel op eemol ageschlof an Onbekannter hätte sech Zougang zu hirem Camper verschaf an ënner anerem d'Handye geklaut. Vill méi schlëmm war fir d'Koppel awer eppes anescht. Hiren Chihuahua, de Vinnie ass beim Abroch verschwonnen.

Zanterdeem sicht d'Koppel verzweiwelt no hirem Mupp. No villen erfolleglose Versich, dorënner och ee mat enger Dron mat enger Wärmebildkamera, huet si eng Spuer an de franséischen Departement Moselle geféiert. Hei gouf ee vun de geklauten Handye séchergestallt. Ma de Mann, bei deem den Handy fonnt gouf, huet um Policebüro kee Wuert iwwert de Winnie verluer.

An hirer Verzweiwlung gräift d'Koppel elo zu enger drastescher Mesure. Wien hire Mupp fënnt an zeréckbréngt kritt, soll eng Belounung vun 10.000 Euro kréien.

Déi komplett Geschicht kënnt Dir bei de Kolleege vun RTL Infos liesen.