Zuel vu Panzernashörner huet sech bal verdräifacht

© AFP/Archiv/Biju BORO
Viru 40 Joer louch d'Zuel vun den Déieren an Indien bei ronn 1.500, entretemps ass se op iwwer 4.000 geklommen, esou déi indesch Regierung e Sonndeg.
Datt sech de Bestand vun den Nashörner därmoossen erholl huet, wier virun allem de Fierschter-Autoritéiten an deene Leit, déi a betraffene Géigende liewen, ze verdanken, esou d'Regierung weider, déi vun enger "Aarteschutz-Erfollegsstory" geschwat huet.
Indesch Panzernashörner liewe besonnesch am Oste vun Indien ma och am Nepal, a Moueren, Graslandschaften a Flossgebitter. Eleng am Kaziranga-Wëldpark am nordëstleche Bundesstat Assam liewe ronn 80% vun alle Panzernashörner, déi et op der Welt ginn.
D'Weltnaturschutzunioun IUCN klasséiert d'Déierenaart als menacéiert, sou wéi all aner Nashorn-Aart. Besonnesch Braconniere stellen eng eescht Gefor fir d'Déieren duer, déi se wéinst hiren Hare joen an an asiatesche Länner wéi China verkafen. D'Gesamtzuel vun Nashörner ass zanter Ufank vum 20. Joerhonnert vu ronn 500.000 op 28.000 zeréckgaangen.