1.175 Dackele stelle bei Ëmzuch Weltrekord op

© ARMIN WEIGEL / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Zu Regensburg gouf e Sonndeg en neie Weltrekord bei der Dackelparad opgestallt: Iwwer 1.000 Dackele si mat hire Meeschter duerch d'Alstad marschéiert.
Ganzer 1.175 Dackele sinn de Weekend beim Ëmzuch duerch d'Alstad vu Regensburg spadséiert - e Weltrekord, wéi d'Organisateuren ënner Recours op en Affekot matdeelen.
"Den Dackel ass net politesch. Fir den Dackel sinn all Mënschen d'selwecht - egal, wéi eng Hautfaarf a wouhier si kommen", sot de Seppi Küblbeck, deen zesumme mat sengem Mann Oliver Storz den Dackelmusée zu Regensburg gegrënnt huet, vun deem d'Parad organiséiert gëtt.
Zéngdausende Mënschen hätte sech bei sonnegem Hierschtwieder op der ronn 1,8 Kilometer laanger Streck vum Dultplatz bis bei d'Doumplaz versammelt. Engem Policespriecher no wiere sech eng 20.000 Leit erwaart ginn, ma et wieren der sou vill do gewiescht, datt hie keng Schätzung hätt kënnen ofginn, wéi de Spiegel schreift.
D'Organisateure vum Ëmzuch hätten op déi kulturell Bedeitung vum Dackel an Däitschland wëllen opmierksam maachen. Dat mam Hannergrond vun der Angscht, datt d'Ziichte vun Dackele bei eisen Nopere kéint verbuede ginn, erkläert de Seppi Küblbeck weider. Dat nodeems Ufank Juli en neie Paragraph an d'Déiereschutzgesetz opgeholl gi war.
Allerdéngs géinge vill Dackel-Besëtzer déi geplangt Reform och begréissen, well domat verhënnert soll ginn, datt Dackele mat ze kromme Been oder ze laange Kierper geziicht ginn. Allerdéngs hätt een eben Angscht, datt och d'Zuucht vu gesonden Déieren ageschränkt kéint ginn.