D'Ausstierwe vun de Vigel geet eis all eppes un, fënnt d'Naturschutzorganisatioun, déi e Mëttwoch d'rout Lëscht vun de bedreete Vigel presentéiert huet.

Vullen op der Rouder Lëscht / Reportage: Anne Wolff

Do ass den Trend weider éischter a Richtung Verschlechterung. Dat wier och fir de Mënsch problematesch, schliisslech géif e Liewensraum vun de Vullen och stellvertriedend fir eis Liewensgrondlage stoen. Aktuell si 14 Zorten national ausgestuerwen, 28 ënnerschiddlech staark a Gefor a 24 sinn der um Punkt, op d'rout Lëscht ze kommen.

"Déi rout Lëscht vun de Bruttvulle gëtt all Joer no internationale Krittären erneiert. Do kuckt d’Centrale Ornithologique, wéi sinn d’Evolutioune vun de Vullebestänn hei zu Lëtzebuerg? An hei gesäit een déi lescht 5 - 10 Joer, dass déi Aarten, déi an der oppener Kulturlandschaft sinn, ëmmer méi rar ginn, dass d’Bestänn ofhuelen (…) an do gesäit een, dass Aarte wéi d’Feldléierchen am Bestand staark zeréckgeet. Awer och Aarten, déi soss heefeg waren, wéi de Feldspatz, wéi de Feldschwirrel, dass déi mëttlerweil ganz héich an der rouder Lëscht musse kategoriséiert ginn", erkläert den Ornitholog Patric Lorgé.

"Pragmateschen" Naturschutz: Natur & Ëmwelt ass besuergt

Déi schwaarz-blo Koalitioun versprécht e méi "pragmateschen" Naturschutz, méi einfach a méi séier ze bauen, an och d’Bauere solle manner geplot gi mam Naturschutz. Fir Natur & Ëmwelt ass dat eng Gratwanderung, et kuckt ee besuergt op déi Annoncen.

Schliisslech géif et elo schonn ëmmer nees Interessekonflikter tëscht Naturschutz, Klimaschutz a Bautereglementer ginn. An de Stied géif et duerch déi modern Bauweisen elo schonn net méi genuch Bréiplaze fir zum Beispill Spatzen. Natur & Ëmwelt ënnersträicht, dass een oppe wier, fir d'Gemengen ze beroden, zum Beispill och d’Stad Lëtzebuerg, déi an der Lescht probéiert hat, géint d’Kueben zu Märel virzegoen.

Kuriéis ass an deem Kontext och d'Diskussioun ëm d’Wandmillen an de Routmilan, dee jo dacks dofir suergt, dass bestëmmte Standuerter fir d’Wandmillen ewechfalen: Duerch déi méi héich Temperaturen a Südeuropa wier de Vugel a Richtung Norde gewandert, esou dass d’Populatioun a Mëtteleuropa an Nordeuropa nees eropgaangen ass. De Routmilan steet trotzdeem op der Virwarn-Lëscht: e wier besonnesch ufälleg fir de Klimawandel a muss geschützt ginn. Domat ass en zwar duerch d’Wandmillen a Gefor, ma de Bestand selwer géif vun de positiven Effekter vun den erneierbaren Energië laangfristeg grad wéi aner Déiere profitéieren.

Alles an Allem géif een awer gesinn, dass lokal Projete mat wéineg finanziellem Opwand grouss Verbesserunge brénge géifen. Den 23. Oktober stellt Natur & Ëmwelt d’rout Lëscht ëffentlech vir.

RTL

© Anne Wolff