"Geschwächten a blanne" Mupp aus der Uelzecht gerett

© Facebook Eric Di Millo / CIS Réiserbann
De Springer Spaniel "Hatem" huet en haarde Weekend hannert sech: Zanter e Freideg war hie verschwonnen, e Sonndeg konnt hien aus der Uelzecht gerett ginn.
Den "Hatem" war, wéi et um Facebook vu sengem Meeschter ze liesen ass, schonn e Freideg "am Nomëtteg verschwonnen". Bis e Sonndeg haten d'Besëtzer vum Springer Spaniel keng Spuer vum Mupp, bis Foussgänger den "Hatem" zu Réiser an der Uelzecht entdeckt an den 112 kontaktéiert hunn.
Séier waren d'Secouriste vum CIS Réiserbann an d'Poliziste vun Diddeleng op der Plaz, fir dem Hond aus senger mësslecher Lag ze hëllefen. Wéi de Claude Damy, Chef vum CIS Réiserbann, erkläert, wieren och d'Hesper Pompjeeë geruff ginn, fir de Mupp mat hirem Boot aus dem Waasser ze huelen. Well den "Hatem" awer relativ no um Ufer war, hunn d'Pompjeeën decidéiert, de "komplett entkräfteten, geschwächten a blannen Hond" esou séier wéi méiglech mat enger Stréckleeder erauszehuelen.
Fir datt dem "Hatem", dee wuel ënnerkillt war, erëm soll waarm ginn, hunn d'Secouristen de Mupp an eng Decken agepaakt. Soss soll d'Pelznues wuel net blesséiert gewiescht sinn, heescht et weider vum Claude Damy. De Meeschter wier wuel glécklecherweis duerch säi Facebook-Post ermëttelt ginn. Esou kann den "Hatem" sech elo doheem vu sengem Weekend erhuelen.