D'EU wëll d'Fëscherei am Golf vu Biskaya temporär aschränken

© Envato Symbolbild
D'EU-Kommissioun huet e Méindeg proposéiert, dass am Wanter manner virun der Küst vu Frankräich an Nordspuenien gefëscht gëtt.
Ronn ee Mount laang sollen deemno keng Fëscherbooter mat enger Längt vun iwwer 8 Meter méi am Golf vu Biskaya zougelooss ginn. D'geplangte Verbuet betrëfft der Aschätzung vun der Kommissioun no eng 300 Schëffer a gëllt vum 22. Januar bis den 20. Februar. An deem Zäitraum goufen der EU-Kommissioun no besonnesch vill doudeg Déieren ugespullt, déi a Fëschernetzer gerode waren. Eleng un der franséischer Atlantikküst waren et leschte Wanter dem zoustännege Ministère a Frankräich no am Ganzen 962 kleng Mieresdéieren, de Gros dovun Delfinen.
D'Zuel ass méi niddereg wéi d'zwee Jore virdrun. Dat Iewescht Verwaltungsgeriicht Frankräich hat scho lescht Joer tranchéiert an d'Fëscherei fir dëst Joer ee Mount laang ageschränkt. Dat hat fir Protester bei de franséische Fëscher gesuergt, Déiereschützer haten allerdéngs ze bedenke ginn, dass d'Beschränkungen däitlech méi laang misste sinn.
Déi nei annoncéiert EU-wäit Mesure ginn op eng Initiativ vu Frankräich, Spuenien, Belsch a Portugal zeréck.