47 Tigeren, 3 Léiwen an 1 Panther an Zooen no Vullegripp-Infektioun gestuerwen

© AFP Archivbild
Am August an am September koum et an engem privaten Déierepark an engem Zoo zu Dong Nai zu H5N5-Infektioune bei Tigeren an änlechen Déieren.
Tester vum nationalen Zenter fir d'Diagnos vun Déierekrankheeten hunn erginn, dass d'Déieren all wéinst enger Erkrankung mam Typ A vum Virus gestuerwe sinn. Dat huet d'staatlech vietnameesesch Noriichtenagence VNA gemellt.
Deemno koum et an engem privaten Déierepark an der Provënz Long An an an engem Zoo zu Dong Nai zu den H5N5-Infektioune bei Tigeren an änlechen Déieren, allebéid an der Géigend vun Ho-Chi-Minh-Stad. Bei de Mataarbechter vun de Parke goufe keng Problemer un den Otemweeër festgestallt.
Der WHO no ginn et zanter 2022 ëmmer méi Fäll vun déidlechen Infektiounsverleef no enger Influenza-Erkrankung bei Mamendéieren. Infizéiert Mënsche kënne liicht oder schwéier Symptomer kréien, a seelene Fäll kann d'Krankheet och déidlech verlafen.
De Vullegrippevirus war 1996 eng éischte Kéier opgedaucht. Zanter 2020 geet d’Zuel vun de Infektioune bei de Vullen exponentiell erop a parallel och d'Infektiounszuele bei Mamendéieren, wéi zum Beispill Mëllechkéi.