Um Welt-Déiereschutz-Dag hu mir eis d'Fro gestallt, wat dann drun ass u Spréchwierder, déi mat der Déierewelt verbonne sinn.

Stueren Iesel, domm Kou oder souguer al Drecksau... Verschidden, éischter negativ Eegenschaften uerdne mir bestëmmten Déieren zou. Dat geet deels op al Märecher zeréck - schlaue Fuuss oder de béise Wollef. Mä stëmmen déi Stereotyppen iwwerhaapt?

Wéi vill Wouerecht läit a Spréchwierder mat Déieren? / Chris Reuter

D'Wëssenschaft liwwert kloer Äntwerten

Behaaptung 1: de Fuss ass schlau

Stëmmt

De Fuuss huet en ausgepräägt Léier- a Sozialverhalen, dat heescht, e léiert mat Erfarung och ëmmer weider bäi. Dat konnt déi technesch Universitéit vun Dresden beleeën.

De Fuuss bréngt et souguer fäerdeg d'Situatioun an d'Verhale vum Mënsch ze observéieren an doduerch ze léieren, a säi Verhalen deementspriechend unzepassen. Doduerch brénge Fiiss et fäerdeg, a ganz verschiddene Liewensraim ze iwwerliewen. Derbäi komme sozial Interaktiounen, virun allem bei jonke Fiiss, wat e gewëssene Sënn vu Kommunikatioun an héijer sozialer Intelligenz géif beweisen.

Behaaptung 2: den Iesel ass stuer

Stëmmt net

Den Iesel ass net stuer, mä ganz einfach just extrem virsiichteg. Initial kommen Ieselen aus Fiels-Regiounen, wou ee falsche Schratt fatal kann op en Enn goen. Dowéinst stoppe si, wa si eng Situatioun net eendeiteg kënnen aschätzen.

Dat geet aus enger Etüd vum ZMFK ervir, dem zoologeschen Fuerschungsmusée mat Sëtz zu Bonn an Hamburg. Am Géigesaz zu Päerd sinn Ieselen och keng Fluchtdéieren, déi dohier kaum op Angscht, Péng oder Krankheete reagéieren.

Behaaptung 3: D'Fauldéier ass liddereg

Kontext falsch

D'Fauldéier ass effektiv zimmlech lues. Et beweegt sech bal an Zäitluppen-Tempo. De WWF huet a laangen Etüde gemooss, dass Fauldéiere sech mat 8 bis 10 Meter pro Minutt duerch d’Beem beweegen, also ëmgerechent mat net mol engem km/h. Um Buedem si se souguer nach méi lues.

Wat fir eis als lues a liddereg eriwwerkënnt, ass u sech awer eng effikass Method, fir Energie ze spueren. Hir Moolzechten, an der Haaptsaach Blieder a Friichten, awer och mol Insekten, si relativ Närstoff-aarm a ginn net vill Energie of. Dofir gëtt all onnéideg Beweegung sou gutt et geet evitéiert. E Fauldéier geet beispillsweis just emol d’Woch "op d’Toilette".

Behaaptung 4: Kuebe si schlecht Elteren

Falsch

Virun allem am Däitsche schwätzt ee jo vu sougenannte Rabenelteren. Dat kënnt awer duerch een uraalt Mëssverständnes. Schonn an der Antik war de Kueb als pechschwaarze Vull d'Symbol fir Pech an all Schlechtes, awer och fir alles, wat engem egal war. Et ass ee laang dovun ausgaangen, dass Kueben den eegenen Nowuess aus dem Nascht geheien an am Stach loossen.

A Wierklechkeet ass genee de Contraire de Fall. Kuebe liewen an enger monogamer Bezéiung, mat enger klorer Rolleverdeelung, och wann et drëms geet, sech ëm den Nowuess ze këmmeren.

RTL

© Envato Symbolbild

Behaaptung 5: "Du knaschtegt Schwäin"

Falsch

Schwäi sinn alles anescht wéi knaschteg. Et si penibel propper Déiere mat enger ausgepräägter eegener Hygiene. Just ee Beispill: E Schwäi géif säi "Geschäft" nimools do hi maachen, wou et schléift. De Begrëff "wat e Saustall" fir eng onuerdentlech Plaz, ass also och net wierklech ubruecht.

Schwäi wänzele sech och net aus Spaass am Schlamm, mä aus Hygiènesgrënn, déi mir Mënschen net verstinn. Et geet drëms, fir sech mam Bulli virun Insekten an der Sonn ze schützen. Änlech maachen et iwwregens och Elefanten. Eng Etüd aus dem Joer 2015 vun Anthropologen aus der Schwäiz huet souguer gewisen, dass Wëllschwäin hiert Fudder souguer deels wäschen, ier si et friessen.

Behaaptung 6: Beie si fläisseg

Stëmmt deels

Net all Zort vu Bei ass fläisseg. Op eis heemesch Hunnegbei trëfft et voll zou, allerdéngs just am Kollektiv. Beie sinn immens sozial Insekten, déi sech géigesäiteg souguer motivéieren.

Observatioune vun däitschen Imker an Zoologen hunn awer gewisen, dass net all Bei an engem Stack gläichermoosse motivéiert ass. Héichgerechent op 25.000 Sammel-Beien huet sech gewisen, dass eng Bei an der Moyenne 4 Mol den Dag Nektar sammele geet, eenzeler awer eben méi dacks wéi anerer.

Behaaptung 7: "Du blöd Kou"

Falsch

Kéi si vun Natur aus sensibel, roueg an douce. Se hunn e komplexe Sozialsystem a kommunizéieren op ganz verschidde Manéiere mateneen. Si gëllen ausserdeem als Béischten, déi zimmlech gedëlleg sinn, wat dacks falsch wouer geholl gëtt an als blöd bezeechent gouf. Wéi sou dacks ass et awer eng grouss Feelaschätzung vum Mënsch.