En Elefant vergësst ni - op d'mannst net de Geroch vu sengem Fleeger

© Image Envato Nattanartp
Et soll net just e Spréchwuert sinn: Enger Etüd no hunn Elefanten e richteg gutt Gediechtnes - op d'mannst wat de Geroch vun hire Fleeger ugeet.
Dat ass dat virleefegt Resultat vun enger Etüd vun der Uni Kiel mat zwee Elefanten am Serengeti-Park zu Hodenhagen an Niedersachsen. Fir d'Experiment goufen déi fréier Fleeger vun den Elefantekéi Bibi a Panya, déi virun 13 Joer aus dem Berliner Zoo op Hodenhagen geplënnert sinn, kontaktéiert.
"Fir eist Experiment hu si (d'Fleeger) 8 Stonne laang en T-shirt ugehat, dee mir da méi spéit als Gerochsreiz benotzt hunn. Ausserdeem hu mir e kuerze geschwate Saz vun hinnen opgeholl a Portraitsfotoe vun hinne gemaach", huet de Martin Kränzlin erkläert, deen d'Etüd am Kader vu senger Bacheloraarbecht gemaach huet.
Ureiz schafen
Fir den Test hunn d'Fuerscher baussent dem Elefantepark zwee Gesteller opgeriicht, déi d'Bibi an d'Panya mat hire Rüsselen net erreeche konnten. Trotzdeem hätten d'Elefante reegelméisseg probéiert, déi presentéiert Stimuli méi genee z'ënnersichen. Fir eng genee Analys, wéi dacks a wéi laang déi eenzel Déieren hire Rüssel bei d'Gesteller ausgestreckt hunn, gouf hiert Verhale gefilmt.
D'Hypothees dohannert: Wann dem getesten Elefant de presentéierte Reiz bekannt virkënnt, sollt e méi en héijen Interessi weisen. D'Bibi an d'Panya sollten deemno also méi laang a méi dacks probéieren, d'Stimuli z'erreechen. Effektiv wier dat och geschitt - allerdéngs nëmmen, wann de presentéierte Reiz en T-Shirt war. Bei de Fotoen an de geschwate Sätz gouf et der Etüd no keng statistesch signifikant Ënnerscheeder.
Nues hëlleft beim Erënneren
Dat wier awer net iwwerraschend gewiescht: D'Rüsseldéieren hunn eng exzellent Nues, gesinn awer net wierklech vill. "Eis Resultater sinn en däitlechen Hiweis dorop, datt sech Elefanten nach no Joerzéngten op d'mannst un de Geroch vun hiren deemolege Fleeger erënnere kënnen", sot d'Prof. Dr. Christine Böhmer vun der Uni Kiel, déi d'Etüd geleet huet. Trotzdeem wieren Etüde mat méi Elefanten néideg, "fir d'Resultater ofzesécheren".
D'Resultater sinn ënner anerem fir d'Hale vun Elefanten an Zooen interessant. Wann d'Rüsseldéiere sech tatsächlech esou laang un hir Fleeger erënneren, da schwätzt dat dofir, datt dës fir d'Déiere wichteg sinn. Eng stabil Bezéiung zu hire mënschleche Betreier ka sech deemno wuel immens positiv op d'Wuelbefanne vun Elefanten an Zooen auswierken.