De Passant huet den net-gëftege Kinnekspython an engem Eemer entdeckt, aus deem e schonn deelweis entkomm war, esou d'Police vun Tréier.

De Mann konnt dat ronn annerhallef Meter grousst Déier mathuelen, an en Terrarium setzen an dësen op e Policebüro zu Schweich bréngen. D'Beamten hunn d'Schlaang dunn de Pompjeeën iwwerginn. D'Police geet dovunner aus, datt de Python vu sengem Proprietär ausgesat gouf. No dësem gëtt elo gesicht, d'Police freet d'Bevëlkerung an deem Kontext ëm Hiweiser.

RTL

© Polizeidirektion Trier / Polizeiinspektion Schweich