Hongkong
Deel vun Zoo zougemaach, nodeems 8 doudeg Afe fonnt gi sinn

© AFP/ANTONY DICKSON
Wéi et vum Hongkonger Amt fir Kultur a Fräizäit heescht, gouf eng Obduktioun ordonéiert, fir d'Doudesursaach vun den Afen erauszefannen.
Ënnert den doudegen Déiere sollen och dräi sougenannt "Liszt-Afen" sinn, déi vum Ausstierwe menacéiert sinn a vun deene just nach ronn 6.000 Exemplairen am Fräie liewen.
De betraffenen Deel vum 153 Joer alen Zoo gëtt eréischt erëm opgemaach, wann d'Resultater vun der Obduktioun do sinn, heescht et vun den Autoritéiten.
Am meeschte gelies