Zu München hate Pompjeeën en Asaz an hirer eegener Wuecht: Am Motorraum vun engem Pompjeeswon hu si eng kleng Kaz fonnt - a sou séier wollt déi net fort.

Duerch ongewéinlech Geräischer aus der Garage wieren d'Pompjeeën eegenen Aussoen no leschten Donneschdeg op d'Déier opmierksam ginn. Deemno war déi kleng Kaz an de Motorraum vun engem vun den Déngschtween geklommen. Nodeems d'Kätzche vum selwen erauskomm war, wier si awer direkt an e weidere Won geflücht.

Dësen hätt si och net esou séier wëlle fräiwëlleg verloossen, wouropshin ee Mataarbechter Material fir eng Déiererettung a weider Secouristen ugefuerdert huet. Mat engem sougenannte "Leet-Blech", engem Kescher an engem Fangnetz wier et den op d'mannst 8 Secouristen no enger hallwer Stonn schliisslech gelongen, d'Kaz anzefänken. D'Déier wier net blesséiert ginn.

Vue datt sech bis ewell kee Besëtzer gemellt huet, këmmert sech eng Pompjee ëm d'Kaz.