Ëmmer manner Koalaen duerch Chlamydien

© Image Envato Symbolbild
Tëscht 95.000 an eppes méi wéi enger hallwer Millioun Koalae ginn et hautdesdaags nach an Australien.
Dat soe Schätzungen. E puer Milliounen^ waren et der nach, ier d'Europäer am 17. Joerhonnert um Kontinent Down Under ukomm sinn.
D'Chancë wier leider grouss, dass déi nächst Generatiounen de Koala-Bier just nach am Zoo kéinte gesinn. Deen alarmante Message kënnt elo vun enger ONG, déi sech fir de Schutz vum Beideldéier asetzt.
Haaptsächlech zwee Grënn: De Mënsch an eng Sex-Krankheet
Virun zwee Joer gouf et an Australien riseg Bëschbränn. Haaptsächlech de Bundesstaat Queensland am Nordoste vum Kontinent war impaktéiert, wou et iwwer Méint ewech geflaamt hat. E puer Dausend Koalaen haten dat net iwwerlieft.
Mä dat ass net den Haaptgrond, firwat se ëmmer méi verschwannen. Villméi ass de Mënsch Schold. Ëmmer méi Béischte ginn nämlech iwwerrannt.
De gréisste Problem ass awer eng Bakterie. Eng speziell Zort vu Chlamydien geet nämlech ëm an ëmmer méi Koalaen infizéieren sech.
Viru ronn 50 Joer goufen d'Symptomer eng éischte Kéier observéiert. Chlamydien ass eng sexuell Infektiounskrankheet, déi Infektioune vun de Geschlechtsorganer mat sech bréngt an zu Onfruchtbarkeet bis hin zum Doud ka féieren.
E Vaccin soll hëllefen
Eng Ekipp vun der Universitéit vun der Sunshine Coast am Queensland wëll dogéint virgoen an huet en Impfprojet lancéiert. 165 Koalae krute schonn e Vaccin a ginn zanterhier observéiert.
Bis ewell gouf festgestallt, dass Chlamydien mol méi spéit an hirem Liewen optrieden, an dass de Mortalitéitstaux ëm iwwer 60% zeréckgaangen ass.
Australien: "Welt-Haaptstad vum Aartestierwen"
An Australien ginn et bekannterweis Déieren, déi et soss néirens op der Welt ginn. Dat ass e groussen Atout fir d'Land, awer eben och eng Gefor: Stierft eng Aart aus, ass se fir ëmmer verluer.
Déi australesch Ëmweltministesch Tanya Plibersek ass alarméiert. "Eist Land riskéiert ëmmer méi, un Aartevillfalt ze verléieren". Si wëll sech mat hirer Regierung dofir asetzen, dass nach méi Schutzgebidder entstinn, wou Flora a Fauna geschützt ass. Et wier net just eng australesch Responsabilitéit, mä eng fir d'ganz Mënschheet.