Zu Washington géif ee sech schonn immens op d'Arrivée freeën, dat nodeems si d'Pandaen am November 2023 hu missen zréckginn.

Déi US-amerikanesch Haaptstad erwaart an den nächste Stonnen zwee nei Pandaen aus China. D'Koppel, déi aus dem Männche Bao Li an dem Weibche Wing Bao besteet, huet sech der chineesescher Déiereschutz-Vereenegung CWCA no e Méindeg op d'Rees iwwert de Pazifik gemaach.

Zu Washington géif ee sech schonn immens op d'Arrivée freeën, dat nodeems si d'Pandaen am November 2023 hu missen zréckginn. Grond dofir waren ënnert anerem déi politesch Tensiounen tëscht den USA a China.

Datt d'Pandae fir China eng politesch Dimensioun ugeholl hunn, ass scho méi laang de Fall. Deemno wéilt een duerch d'Ausléine vun den Déieren un aner Länner, positiv Reklamm fir d'Land maachen.

Op d'Pandae waart am Smithonian National Zoo eng nei renovéiert Plaz, fir ze liewen. Nieft der erhéichter Sécherheet gouf och d'Plaz selwer méi grouss gemaach, fir datt si sech genuch beweege kéinten. Iwwerdeems goufe speziell Bambus-Planze fir hir Ernärung ugeluecht.

Ze gesi sinn de Bao Li an d'Wing Bao awer réischt a gutt engem Mount, wa si déi virgeschriwwe Quarantän iwwerstanen hunn.