Nieft dem Rappell vun de Reegelen, fir Déieren aus Drëttlänner an d'EU ze bréngen, mécht d'ALVA den Appell, éischter an en Déierenasyl hei am Land ze goen.

Vue datt d'Gesondheet an d'Wuelbefanne vun den Déieren net respektéiert goufen, ass de Parquet informéiert an d'Hënn saiséiert ginn, esou de genaue Wuertlaut vun der ALVA, also d'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung an hirem Schreiwes.

Well Serbien zu engem vun den Drëttlänner zielt, wou d'Tollwut nach zirkuléiert, goufen déi 8 Muppen a Quarantän gesat, bis se geimpft sinn. An deem Kontext mécht d'ALVA den Appell, keng Déieren aus dem Ausland op Lëtzebuerg ze bréngen, mee éischter an en Déierenasyl am Grand-Duché ze goen.
 
D'ALVA rappelléiert iwwerdeem awer och d'Konditioune fir Hënn, Kazen oder Frettercher aus Drëttlänner an d'EU ze bréngen:

  • D'Déiere musse gechippt sinn
  • D'Déiere musse géint Tollwut geimpft sinn: Esou e Vaccin kënne si vun engem Alter vun 12 Wochen u kréien. Tëscht der Impfung an der Ausrees mussen op d'mannst 21 Deeg vergaange sinn
  • Déieren aus Länner, déi net als seuchefräi klasséiert sinn, mussen en Tollwutantikierper-Titratiounstest maachen, deen op d'mannst 30 Deeg no der Impfung gemaach muss ginn. Den Transport vun den Déiere ka fréistens 3 Méint, nodeems eng Bluttprouf gemaach gouf, ufänken, wann d'Resultat gënschteg ass, also >0,5 IE/ml.
  • Eng Kontroll vun engem amtleche Veterinär muss bannent 48 Stonne virun der Ofrees gemaach ginn
  • D'Déiere mussen e Gesondheetscertificat hunn, dee vun engem amtlechen Déierendokter ausgestallt gouf

Méi Informatiounen dozou fannt Dir um Site vum Landwirtschaftsministère oder bei der ALVA.