Zu Beggen konnten d'Muppen hir eege Halloween-Party feieren
E Samschdeg de Mëtteg hate sech zu Beggen an engem Café iwwer 25 Muppe mat hire Proprietäre versammelt, fir do eng gemeinsam Halloween-Party ze feieren.
Am beschte sollt een am Partnerlook optrieden an einfach eng flott gemeinsam Zäit verbréngen.
Am Bistro zu Beggen sinn Hënn ëmmer wëllkomm. Egal, ob een normal dohin iesse geet oder just fir e Patt: mam Mupp muss een deen Ament net dobausse bleiwen. E puer Mol am Joer ginn déi Responsabel nach e Schratt méi wäit an organiséieren extra eng Party fir d'Déieren.
Béier, Cupcaken oder soss Leckerlien dierfe wéi bei all Party natierlech net feelen an et gi souguer Spiller gespillt. "Reise nach Jerusalem" oder Bäll afänken, ware puer vun den Highlights. Vill Reklamm huet et net gebraucht, op Facebook gouf en Opruff gestart, fir un deem besonnesche Mëtteg deelzehuelen. Em Enn gouf et dunn nach e Präis fir déi beschte Verkleedung.
Wärend 3 Stonnen hu sech Mënsch an Déier am Bistro zu Beggen ameséiert an de nächste Rendez-vous fir sou ee spezielle Muppen-Event wier warscheinlech fir Vältesdag. Mol kucken, ob sech do vläicht zwee Muppen d'Jo-Wuert ginn.