En Algorithmus ka soen, wéi zefridden oder gestresst e Schwäin ass
Si gehéieren zu den intelligentsten Déieren. Si kënne Gesiichter erkennen a sech selwer am Spigel.
D'Hausschwäi wieren och ganz sensibel Déieren, seet eng Verhalensbiologin aus Dänemark. Fir e Fuerschungsprojet huet si eng Method entwéckelt, mat där een erausfanne kann, ob e Schwäi frou ass, traureg oder gestresst. Ma wéi funktionéiert dat a wie soll dovu profitéieren?
D'Elodie Mandel Briefer ass Verhalensfuerscherin op der Uni Kopenhagen. Si huet mat hirer Ekipp dausende Schwäi-Geräischer opgeholl an domat e KI-baséierten Algorithmus entwéckelt, mat deem Baueren einfach kéinten erausfannen, wéi et hire Schwäi geet.
Wéi eng Geräischer maache se beim Spillen? Wéi quike se, wa se eleng sinn oder sech ëm Friesse streiden?
D'Wëssenschaftler hu rausfonnt, datt e kuerzt Grunze positiv Emotiounen ausdréckt. E laangt bedeit meeschtens, dass et dem Déier schlecht geet. Si se gestresst oder vun hirem Grupp getrennt, quike se an enger méi héijer Frequenz.
De Projet huet virun aacht Joer ugefaangen. Well d'KI sech an de leschte Joren esou staark weiderentwéckelt huet, konnten si elo grouss Fortschrëtter maachen. De Jeppe Have Rasussen erënnert sech nach, wéi se am Ufank d'Geräischer hu misse manuell klassifizéieren.
D'Emotioune vun Déieren ass nach e jonkt Fuerschungsfeld. Bei der Déierenhaltung konzentréiert ee sech aktuell éischter op déi physesch Gesondheet. Mam Algorithmus konnte si scho weisen, dass Schwäin, déi vill dobausse sinn a Plaz hu fir ze schären an ze gruewen, manner Stress-Geräischer maachen am Verglach mat Schwäin, déi just am Stall liewen.
Méiglech wier och e Label fir den Haff, op deem Schwäi geziicht ginn. Esou géif de Konsument also beim Choix, wou e säi Fleesch keeft, gehollef kréien. An net onméiglech wier och, dass een de KI-Algorithmus fir d'Wuelbefanne vu Schwäin enges Daags och bei aneren Déieren uwenne kéint.