Keng Déiere bei Brand am Déierenasyl zu Schued komm

© Image Facebook / APAS
En Dënschdeg den Owend war am Schëfflenger Déierenasyl e Brand ausgebrach. Den Déiere war näischt geschitt, d'Asyl ass elo awer op Hëllef ugewisen.
Wéi de CGDIS e Mëttwoch de Moie gemellt huet, war kuerz no 19 Auer en Alarm bei hinnen agaangen, datt et an der Rue de Hedange zu Schëffleng géing brennen. Op der Plaz konnten d'Rettungsdéngschter vun Esch a Schëffleng d'Feier séier läschen.
Op Facebook seet d'Schëfflenger Déierenasyl de Secouriste Merci fir hire séieren Asaz a schreift, datt doduerch "eng gréisser Katastroph verhënnert" konnt ginn. Den Déieren aus dem Asyl wier näischt geschitt, ma duerch den Damp an d'Läschwaasser kéinten d'Fudderreserv, d'Kichen an d'Hondskäfeger am Moment net genotzt ginn.
Hei hunn d'Déiereschutzveräiner an Asyler awer Solidaritéit bewisen: D'Déierenasyl vu Gaasperech huet nach moies Hënn vu Schëffleng bei sech opgeholl, d'Associatioun "Déieren an Nout" huet den Nager eng Plaz gebueden an de Privaten Déiereschutz këmmert sech ëm verschidde Kazen aus dem Asyl. Bis d'Schied reparéiert sinn, kënnen iwwerdeem keng Hënn opgeholl ginn an och Visiteure kënne bis e Sonndeg net op Besuch kommen.
Vue datt ënnert anerem och d'Fudder an d'Decke kontaminéiert sinn, freet d'APAS d'Leit ëm Hëllef. Gebrauch gi virun allem Näpf, Kazentoiletten, Transportkëschten a Kazefudder.