D'Mentalitéit vum Mënsch vis-à-vis vum Déier misst änneren

© RTL
Et sollt ee sech nëmmen dann en Déier uschafen, wann een d'Plaz, d'Zäit an déi néideg finanziell Mëttel hätt.
Deen Appell mécht d'Déiereschutzorganisatioun FRIDA, déi bis de Mäerz dëst Joer ënnert dem Numm Amiavy bekannt war. FRIDA wëll net just Hënn a Kazen hëllefen, mä och sougenannten Notzdéieren, also ënnert anerem Schwäin, Schof an Hénger.
Als kleng ASBL kënnt d'Déiereschutzorganisatioun awer lues a lues un hir Limitten.
Dat läit zum Beispill dodrunner, datt FRIDA vum Abrëll bis den Oktober Käschte fir Déierendoktere vun am Ganze 17.000 Euro bezuelt huet. Virun allem fir Kastratiounen a Sterilisatiounen, mä och fir méi komplizéiert Operatiounen, wéi Tumeuren, déi hu mussen ewechgemaach ginn.
Am Ganze konnt d'Organisatioun bannent 6 Méint fir 22 Hënn an 20 Kazen en neit Doheem fannen. Zënter 2 Joer a 7 Méint sinn d'Déierenasyler zu Lëtzebuerg esou voll, datt den Hond oder d'Kaz, déi ee muss ofginn, op eng Waardelëscht kommen an da ginn dacks Organisatioune wéi FRIDA kontaktéiert.
D'Adela Fuentes, déi Benevole bei FRIDA ass, ënnersträicht, datt d'Mentalitéit vun de Leit sech misst änneren:
"Déiere gi sech ugeschaaft an da wéinst Grënn wéi Scheedung, Allergie, Krankheet, Plënneren an eng Wunneng, wou keng Déieren erlaabt sinn, Plënneren an d'Ausland oder finanziell Schwieregkeeten ofginn. Dat sinn déi Haaptgrënn, déi ee genannt kritt, wann en Déier net méi kann an der Famill bleiwen."
An da gëllt et fir déi Fräiwëlleg Léisungen ze fannen. Hinne fält och op, datt een zu Lëtzebuerg lues awer sécher e Phenomen gesäit, deen ee méi aus dem Ausland kennt: Leit entsuergen einfach hir Déieren. Kleng Kazen an enger Dreckskëscht oder Hënn, déi einfach éierens ugestréckt ginn, wa se net méi gewollt sinn, dat gëtt et och hei. Ee Beispill ass de Patapouf, en alen Hond, deen an engem lamentabelen Zoustand gewiescht wier: "Dat war en Hond, deen d'Leit express ausgesat hunn. Vum Gesetz hier dierf een dat net. Se wollten hien awer net méi. An elo krut ech en Uruff, dass d'Leit erëm en aneren Hond do sëtzen hunn."
Dat ass ee vun de Fäll, an deene FRIDA eng Plainte gemaach huet. An den Ae vun der Déiereschutzorganisatioun ginn et zu Lëtzebuerg gutt Gesetzer, mä dacks géife se an der Realitéit net applizéiert a Verstéiss géifen nawell ganz gär ënnert den Teppech gekiert ginn:
"Mir waren zum Beispill eng Kéier bei engem Messi-Fall dobäi, mir hate scho Kontakt mat Baueren, déi eleng sinn an deenen alles iwwert de Kapp gewuess ass. Dat war e Fall am Süden, dat huet sechs Joer gedauert, bis de Riichter endlech decidéiert huet, de Betrib zouzemaachen. Mä et huet sechs Joer gedauert. Do ware Kéi, déi hu missen ageschléifert ginn, well se an esou engem schlechten Zoustand waren."
FRIDA wëll den Déieren eng Stëmm ginn, net just den Hausdéieren, mä och de Kéi, de Schof, de Schwäin, den Hénger an esou weider: "Mir fannen et schued, datt se just an eiser Gesellschaft e Mëttel zum Zweck sinn an dann als Produkt oder Wuer gehandelt ginn."
FRIDA proposéiert zum Beispill, datt een och eng Steier fir Kaze kéint aféieren, da géifen d'Leit net oniwwerluecht eng no där anerer halen. Dës Steier - genee wéi d'Hondssteier - seet d'Organisatioun, misst een dann exklusiv huelen, fir Opfaangstrukturen ze schafen.
FRIDA muss elo emol d'Handbrems zéien a kann den Ament keng Rechnunge méi vu sozial schwaache Leit bezuelen, déi sech de Veterinär net kënne leeschten. Fir engem Déier ze hëllefen eng nei Famill ze fannen, hëlleft d'ASBL awer weider ganz gär.