Am 5-Minutten-Takt komme Privatleit, awer och Déiereschutz Organisatioune beim Déiereschutz bäigefuer a brénge Fudder an anert Material.

D’Marie-Pierre Bourdouxhe huet sech vu Kënzeg op de Wee gemaach fir Hënn- a Kazefudder, Spillsaachen an Iess-Schosselen ze ginn, déi si nach doheem hat. Den Déiereschützer hëllefe wier selbstverständlech: "Ce sont des gens qui donnent énormément, qui sont accueillants, qui gardent tous les animaux,même s’ils sont malades, ils les soignent. C’est important de les aider."

D’Julia Retzlaff vum “Tierschutz Asar” kënnt mat engem Auto voller Decken: "Ech schaffe selwer am Déiereschutz fir eng aner Organisatioun. Mir kréien ëmmer Spenden. Ech hat lo grad e ganzen Haufen. A si brauchen et, da kréie se et."

Och zwee Deeg méi spéit läit de Geroch vun Damp a verbranntem Plastik nach an der Loft. D’Reschter vum Trockner, dee Feier gefaangen hat, sti virun der Dier. “Dat ass dunn op d’Wäschmaschinn iwwergaangen an op e Regal dat niewendru stoung. Doduerch ass eben eng extrem Dampentwécklung entstanen”, erkläert d’Jennifer Pauwels, Responsabel vum Schëfflenger Déiereschutz.

Dee ganze Stock u Fudder, Spillsaachen, Kierf an Decken am Raum vum Brand ass net méi ze gebrauchen. Den Damp huet sech duerch d’Kiche bis an de Gank mat de Muppe-Käfeger verbreet. 4 Hënn waren zu deem Zäitpunkt do agespaart. D‘Personal war schonn am Feierowend, ma d’Pompjeeën hätte glécklecherweis gutt reagéiert. Deene 4 Muppe géif et gutt goen. Si wäre lo mol am Gaasperecher Déierenasyl bis d’Raimlechkeeten zu Schëffleng nees a Stand sinn. Déi zwee Kazen-Zëmmer iwwerdeems waren net vum Feier betraff. Den Déiereschutz ass lo mol nach bis e Méindeg zou. Leit déi eng Kaz reservéiert hätten, kéinten dës awer virdru siche kommen.

D’Schëfflenger Déiereschützer sinn dankbar iwwer déi grouss Solidaritéit vu Privatleit an Organisatiounen. Wee nach hëllefe wéilt, sollt am beschte Sue spenden, well et mussen och verschidde Kichenapparater a Miwwel ersat ginn.