Eng nei Zielung vun de Séihënn huet dat confirméiert, wat Experte scho prophezeit hunn: e laangfristege Réckgang vum Bestand am Wattemier an der Nordséi.

D'gemeinsaamt Wattemier-Sekretariat - Däitschland, Holland an Dänemark - huet e Méindeg matgedeelt, dass d'Zuel der aktueller Summerzielung no bei ronn 23.800 läit. Dat ass zwar eng liicht Hausse (5%) am Verglach mam leschte Joer, ma de Bestand bleift ënner de Wäerter vun 2012 bis 2020. Et deit alles op e "laangfristege Réckgang" hin.

Wärend d'Zuel vun de Séihënn am Wattemier dem Sekretariat no tëscht 2003 an 2012 allkéiers erop goung an, an de Joren dono stabil bliwwen ass, ass d’Zuel am Uschloss zeréckgaangen. An dat schonn zanter véier Joer. Haut ass de Séihondbestand méi kleng wéi virun 10 Joer.

Ursaache gréisstendeels onkloer

D'Experte kënne Krankheeten an eng groussflächeg Emigratioun als Haaptfacteuren als “Haaptfacteur” ausschléissen. Diskutéiert ginn ënner anerem als Grënn: Konkurrenz duerch aner Déieren ëm Narungsressourcen, souwéi mënschlech Aktivitéiten. Et wier awer néideg, weider ze fuerschen, fir fundéiert Moossnamen zum Schutz vun der Séihondpopulatioun z’entwéckelen.

Dem aktuelle Bestand no hunn am August am komplette Wattemier 23.772 Séihënn gelieft, woubäi d’Entwécklung regional ënnerschiddlech war. An Dänemark ass d'Zuel zum Beispill ëm 6, an Holland dogéint just ëm 2 Prozent gefall. Am däitsche Wattemier hunn dogéint méi Séihënn wéi 2023 gelieft, just op Helgoland ass d'Zuel ëm 22 Prozent gefall, d’Kolonie do ass mat 56 Déieren allerdéngs och kleng.

Séihënn a Kegelrobben, déi mat hinne Famill sinn, hu fréiere a grousser Zuel an der Nord- an Ostséi gelieft. Hir Zuel ass am Laf vum leschte Joerhonnert drastesch erofgaangen. Duerch intensiv Schutzmoossnamen hunn d'Bestänn zanter de 70er Joren lues ugefaange sech z'erhuelen. D’Wattemier huet eng Gesamtlängt vun iwwer 500 Kilometer laanscht d'Nordséiküst vun Holland, Däitschland an Dänemark.