2016 war d'Daisy mat 3 aneren Hënn aus hiren Zwinger geklaut a wéi et schéngt weider verkaf ginn. Elo ass de Cocker Spaniel awer erëm bei senger Famill.

D'Daisy ass erëm doheem: 8 Joer laang woussten d'Besëtzer vum schwaarz-wäisse Mupp net, wou en dru wier. Elo konnte Beamten d'Daisy identifizéieren, wéi hire Microchip aktualiséiert gouf.

"Et ass keen A dréche bliwwen, wéi hatt erëm mat hire Besëtzer vereent gouf", heescht et vun der Police aus dem brittesche Surrey südlech vu London. "Hatt huet si direkt erkannt an huet un hinne gepecht wéi eng Klett." Nëmmen e bëssen daf wier d'Daisy antëscht.

D'Pelznues war zesumme mat dräi anere Juegdhënn am November 2016 aus hiren Zwinger geklaut ginn. Ee Mupp war gestuerwen, wéi hie bei engem Fluchtversuch vun engem Auto ugestouss gouf. No deenen aneren zwee Hënn gëtt nach ëmmer gesicht. Dës waren awer méi al wéi d'Daisy, wouduerch net gewosst ass, ob si iwwerhaapt nach liewen.

D'Daisy ass awer elo erëm do: Wéi hir nei Besëtzer, déi net woussten, datt d'Déier geklaut gi war, dem Daisy säi Mikrochip aktualiséiert hunn, gouf d'Police informéiert. Iwwer déi zoustänneg Firma koumen d'Beamten un hir Adress an hunn d'Déier zwee Deeg méi spéit do ofgeholl.