USA
43 Afen aus US-Labo fortgelaf am South Carolina

Déi 43 Makacken, déi op der Flucht sinn, waren aus dem "Alpha Genesis"-Zenter fortgelaf, wéi hire Gardien d'Dier vun hiren Zellen opgelooss hat.
D'Autoritéiten hunn d'Awunner opgefuerdert, doheem verbarrikadéiert ze bleiwen. Et handelt sech ëm jonk weiblech Afen, déi fir medezinesch Tester gebraucht goufen.
D'Leit, déi d'Afe joen, versichen, d'Déiere mat Iessen ze lackelen. Dann ass et nach d'Informatioun, datt d'Afen net mat enger "Krankheet infizéiert" wieren.
Am meeschte gelies