Keeserpinguin op enger Plage an Australien ukomm

© AFP
Nach ni virdru gouf sou wäit am Norden ee Séivillche vun dëser Aart gesinn.
No vun der Uertschaft Denmark am Weste vun Australien war Ufank November ee Keeserpinguin op enger Plage ukomm, dat ronn 3.400 Kilometer wäit vu senger Heemecht fort. Den Experten no handelt et sech hei ëm eng Première an der Déierewelt. Nach ni virdrun ass sou ee wëlle Pinguin, deen eigentlech an der Antarktis lieft, sou wäit am Norde gesi ginn.
De "Gus", wéi en doropshi benannt gouf, war warscheinlech op der Sich no Iessen enger ongewéinlecher Mieresstréimung no geschwommen, déi hie bis an Australien bruecht hätt. Do war de ronn 1 Meter grousse Keeserpinguin mat sengen 23 Kilogramm liicht ënnererniert ukomm.