E Mann aus Niedersachsen hat sech e Sonndeg zesumme mat senge Gäscht viru sengem eegne Mupp verbarrikadéiert.

Dat well d'Déier angeblech ganz aggressiv wier. De Mann huet sech schliisslech gezwonge gesinn, d'Police ze ruffen. Um Telefon huet hien de Beamten erkläert, dass den Hond esou aggressiv wier, dass hien en hätt missen un eng Heizung strécken.

Allerdéngs kéint elo keen an d'Wunneng eran oder aus dëser eraus, ouni laanscht dat aggressiivt Déier ze goen. Well d'Wunneng um zweete Stack géif leie, kéinten de Mann a seng Gäscht dës och net duerch d'Fënster verloossen. D'Pompjeeë si schliisslech ausgeréckt, fir d'Leit iwwer eng Leeder aus der Wunneng ze evakuéieren.

Iwwert dës Leeder ass dann och e Polizist an d'Wunneng geklommen, fir sech en Androck vum Mupp ze maachen. Ma de Beamte konnt d'Déier ouni gréisser Probleemer aus der Wunneng leeden.

Dobaussen huet sech dann och séier erausgestallt, firwat d'Déier sech esou opfälleg verhalen huet. De Mupp huet nämlech ganz dréngend misse Pippi maachen. Nodeems e sech bei enger Heck erliichtert hat, wier den Hond dann och ganz ëmgänglech gewiescht an hätt sech iwwert de Kontakt mam Polizist gefreet.