Am Zoo zu Edinburgh a Schottland gouf en dräi Méint ale Roude Panda dout opfonnt.

Déi Responsabel vum Zoo ginn dovunner aus, datt sech dat klengt Déier wuertwiertlech zu "Doud erschreckt" huet. D'Roxie, esou war den Numm vum klenge Panda, ass wärend der Bonfire-Nuecht de 5. November gestuerwen.

Obwuel d'Roxie eréischt rezent seng Mamm verluer hat, hatt dat klengt Déier gutt op d'Fleeger ugeschwat. Dunn an der Bonfire-Nuecht ass et u sengem eegene Erbriechen erstéckt. D'Déierendoktere ginn dovunner aus, datt dëst eng Reaktioun op d'Freedefeier war, esou den Ben Supple, Vizedirekter vun der Royal Zoological Society of Scotland.

De klenge Panda hätt sech wuel kéinten a senger Hiel verstoppen, ma de ganze Kaméidi wier ze vill fir e gewiescht. Dem Supple no misst een a Schottland Freedefeier nach just bei organiséierten Evenementer erlaben, ass um Internetsite vum Zoo ze liesen.