E Samschdeg waren am thailännesche Lopburi ronn 200 Afen aus hire Käfeger entkomm a ploen zanterhier d'Awunner vun der Stad.

Wéi d'AFP mellt, hu sech d'Makacken ënnert anerem och de Policebüro als Zil vun de Belagerungen erausgesicht. Deemno hätte sech d'Beamten an hiren eegene Büroe verbarrikadéiert, fir datt d'Afe bei der Sich no Iessen net u wichteg Dokumenter komme géifen, déi zerstéiert kéinte ginn. Versich, d'Déiere mat Iessen aus der Stad ze lackelen, hate bis elo kee Succès.

Schonn zanter enger méi laanger Zäit sinn d'Awunner vu Lopburi mat Afe geplot, déi sech ëmmer méi verbreeden an dobäi och ëmmer méi een aggressiivt Verhale weise géifen. Well Thailand fir de gréissten Deel ee buddhistescht Land ass, hunn d'Makacken hei wéinst der Gottheet Hanuman ee besonnesche Stellewäert.