Neiséiland
30 Wale vun der Plage gerett

© AFP
Véier vun de Mieresdéieren hunn net iwwerlieft.
Wéi ënnert anerem NTV mellt, waren un der Nordküst vun Neiséiland e Méindeg eng Rei Walen op d'Plage geschwemmt ginn. Wärend der 30 vun den Déiereschützer gerett an zréck an d'Mier gelooss konnte ginn, war fir véier Walen all Hëllef ze spéit komm.
D'Küst vun Neiséiland ass bekannt dofir, datt ëmmer rëm Mieresdéieren a virun allem Walen op d'Plage geschwemmt ginn, wou si op mënschlech Hëllef ugewise sinn, fir kënnen ze iwwerliewen.
Am meeschte gelies