Vum CHL an den AspetarProfesser Romain Seil wiesselt als Chief medical Officer an de Katar

RTL Lëtzebuerg
Den CHL deelt mat, datt de Professer Romain Seil, deen an der orthopädescher Chirurgie an an der Sportsmedezin spezialiséiert ass, Ufank d’nächst Joer eriwwer op Doha an de Katar wiesselt.
De Professer Seil gëtt Chief medical officer bei Aspetar.
De Professer Seil gëtt Chief medical officer bei Aspetar.
© CHL

De Professer Seil gëtt Chief medical officer bei Aspetar, enger spezialiséierter Orthopädie a Sportsklinik am Golf-Staat, déi eng weltwäit Renommée genéisst. Do war hie virdru schonn als Gaascht-Chirurg aktiv.

De Professer Seil sot iwwert seng nei Tâche, hie géif sech wënschen, datt déi nei Verantwortung och dozou géif bäidroen, datt d'Verbindungen ënnert anerem tëscht dem CHL an der Aspetar gestäerkt géife ginn.

De Romain Seil war och ee vun deenen Dokteren aus dem CHL, déi hire Confrère Philippe Wilmes virum Conseil médical denoncéiert haten, well hie gesond Knéie soll operéiert hunn.

CHL-Communique-23.09-Dr-Seil-Aspetar.pdf

Back to Top
CIM LOGO