Zanter Mee zejoert gouf et 120 Meldunge beim Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau wéinst dem Verdacht op Verstéiss géint d‘Déiereschutzgesetz.

A 70 vu 77 recevabele Fäll sinn d'Veterinärinspekteren op d‘Plaz kucke gaangen. Dobäi goufen allerdéngs gréisstendeels kleng Verstéiss festgestallt. An deene meeschte Fäll konnt de Verdacht net confirméiert ginn.

Dat schreift d‘Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der DP. Bis ewell goufen dann och nach keng Amenden op dës Indicen hin ausgeschwat an et goufen och nach keng Déieren dowéinst saiséiert.