
De Golden Retriever Alma huet a senge knapp 10 Joer schonn e puer Schicksalsschléi matgemaach. Nodeems d’Mudder am Bësch ausgesat gi war, gouf am Déierenasyl Knachekriibs festgestallt. Wéinst der Krankheet huet d’Alma ee vu senge viischte Been missen amputéiere loossen a krut d’Prognos, datt et just nach ronn sechs Méint ze liewen huet.
Den Dave Delvaux a seng Famill wëllen dem Alma trotz Krankheet an Hürden e liewenswäert Liewen erméiglechen an hunn de Mupp dowéinst bei sech opgeholl. Ma och wann d’Alma kämpft a sech ustrengt, géing et der Famill d’Häerz zerrappen, wa si gesinn, wéi schwéier d’Liewen op dräi Patten ass.
Op Facebook huet d’Famill dowéinst en Opruff fir eng Prothees aus dem 3D-Drucker fir d’Golden-Retriever-Mudder gestart. Wéi si RTL preziséiert hunn, géinge si virun allem no Leit sichen, déi Erfarung mam Design vun 3D-Protheesen hunn an déi hinne bei der Entwécklung vun enger passender Prothees kënnen hëllefen.