Am Laf vum leschte Joer huet e Grupp Fuerscher wärend Ausgruewungen an der Géigend vun der Fiels eng enorm Entdeckung gemaach.

An enger Gestengsschicht vun 210 Millioune Joren goufe sëllege Schanke vu groussen, ausgestuerwener Amphibië fonnt, vu sougenannte Panzerlurchen. Et huet sech ëm eenzel Fragmenter gehandelt, vu verschiddenen Aarte vu Lurchen, dorënner den 1 Meter laangen Gerrothorax an de bis zu 4 Meter laange Cyclotosaurus. Dës Amphibien hunn an Dëmpelen a Supp (anert Wuert fir Sumpfen) gelieft.

D'Schanke wiere wuel bei enger Flut ugespullt ginn a ware vu Bulli bedeckt ginn, wéi den Dr. Ben Thuy, Paläontolog vum MNHNL am Schreiwes erkläert a vun engem  "reegelrechte Kierfecht vu Panzerlurche" schwätzt. Well d'Schanken immens séier briechen, war et immens opwänneg, dës aus dem Buedem erauszehuelen, heescht et weider vum Naturmusée, deen dës Aarbechten zesumme mam Dinosaurierpark Teufelsschlucht aus Däitschland an dem Veräin Paleontologica Belgica organiséiert huet.

D’Schanke ginn dann och elo am Dinosaurierpark preparéiert an ënnersicht. Duerno solle se fir de Public am Lëtzebuerger Musée ausgestallt ginn.